En Donneschdeg stoung d'Kim Clijsters an der Véierelsfinall vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters géint d d'Alizé Cornet um Terrain.

Nodeems d'Spillerin aus der Belsch den éischte Saz mat 0:6 verluer hat, huet si am zweete Saz beim Stand vun 1:2 misse wéinst enger Blessur opginn.

Et sollt sech erausstellen, dass si sech d'Achillesseen gerass hat. Wéi de belschen RTL info mellt, wier si dowéinst schonn operéiert ginn. D'Clijsters selwer huet op hirem Instagram-Profil matgedeelt, dass si eigentlech gehofft hat, sech nom Enn vun hirer aktiver Karriär keng gréisser Blessure méi zouzezéien.