Mat 20 Joer mécht d'Emma Weydert sech en Numm an der Powerlifting-Zeen. Si hält 22 national Rekorder an e Vizeeuropameeschter-Titel.

Powerlifting ass e Sport, bei dem sech d’Competiteuren am Bänkdrécken, Kräizhiewen a Kniebeugen dora moossen, wien déi meeschte Kiloe packt. Nieft sëllege muskuléise Männer praktizéieren och eng Handvoll Fraen dëse Sport zu Lëtzebuerg. D’Emma Weydert ass eng vun hinnen.

3-4 mol d’Woch fënnt een d’Emma um Wandhaff um Training, donieft geet si nach dräimol d’Woch an de reguläre Fitness. "Ech sinn u sech vu Klengem un e Mënsch, dee gären u seng Grenze gaangen ass an ëmmer over the top war", esou d’Emma. Ier et dat am Powerlifting gemaach huet, war dat och schonn an anere Sportaarten seng Devis. Sief et am Ballet, der Liichtathletik, dem Basket oder dem Reiden. Mam Powerlifting geet et kierperlech awer nach e Stéck méi wäit iwwert seng kierperlech Limitten eraus. Virun allem wann et am "equipped" untrëtt, enger Kategorie, wou d’Powerlifter sech an en enke Kostüm zwéngen, fir esou nach méi Gewiicht hiewen ze kënnen.

"Also ech muss éierlech soen, am Equipped-Training denken ech mer heiansdo: Wéi eng Sortie hunn ech verpasst, dass ech net ofgebéit sinn? Well et ass wierklech heiansdo schmäerzhaft mam Kostüm. Dat muss ee wierklech wëllen."

Op de sozialen Netzwierker begleet si ënner “emma_on_the_wey” säi Wee am Powerlifting. Hei stéisst et op vill Luef ma och emol op negativ Kommentaren. "Ech krut och scho mol sou domm Spréch, dass et net mi wierklech weiblech ass mä dat ass mir am Fong egal well ech muss et schéi fannen an dofir ass et mir och egal". 

D’nächst Joer wäert d’Emma an der Gewiichtsklass "ënner 63 Kilo" untrieden. Ma och hei huet si virun allem bei hirer  Spezialitéit – de sougenannten Deadlifts – déi international Rekorder am Viséier.