Rout Léiwen ouni Chance géint souveräänt Däitschland

© Daniel Roland / AFP
Am Kader vum drëtte Match vun der WM-Qualifikatioun krut Lëtzebuerg et mat Däitschland ze dinn. Um Enn hu sech d'Léiwen kloer misse geschloe ginn.
D'Erwaardungen an d'Rout Léiwen ware grouss, datt si zu Sinsheim an Däitschland eng gutt Leeschtung un den Dag leeën wäerten. Allerdéngs konnten d'Männer vum Jeff Strasser dësen Erwaardunge kloer net gerecht ginn. No enger dominéierender Leeschtung vun eisen däitschen Noperen, muss sech eng enttäuschend Lëtzebuerger Ekipp, déi extrem defensiv agestallt war, um Enn mat 0:4 géint Däitschland geschloe ginn.
Am anere Match am Grupp A kënne sech d'Nordiren doheem mat 2:0 géint d'Slowakei behaapten. Den éischte Gol hu sech d'Slowaken dobäi selwer an d'Nascht geluecht, et war den Hrosovsky, deen de Ball an der 18. Minutt a sengem eegene Filet ënnerbruecht huet. Den Deckel huet den Hume mam zweete Gol an der 81. Minutt op de Match gesat.
Domadder stinn d'Lëtzebuerger op der leschter Plaz am Grupp A. Dëst mat 0 Punkten no dräi Matcher. Déi éischte Plaz deele sech den Ament dräi Ekippen: Däitschland, Slowakei an Nordirland hunn no dräi Spilldeeg 6 Punkten um Kont. Fir d'Lëtzebuerger geet et e Méindeg iwwerdeems schonns weider. Do heescht de Géigner da Slowakei.
Déi aner Resultater vun dësem Spilldag souwéi d'Goler fannt Dir an dësem Artikel.
D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger an Däitsche Spiller am Interview
De Resumé vum Match
Däitschland - Lëtzebuerg
1:0 Raum (12'), 2:0 Kimmich (21', Eelefmeter), 3:0 Gnabry (48'), 4:0 Kimmich (50')
D'Spectateure kruten zu Sinsheim eng däitsch Ekipp ze gesinn, déi mat voller Vitess opgespillt a probéiert huet, fir den direkte Wee zum Gol ze sichen. Esou hu sech déi Däitsch och eng sëllege Chancen erausgespillt. Schonns an der 4. Minutt huet de Kimmich e Schoss aus der Distanz lassgelooss, dee säi Wee awer net an de Gol fonnt huet. Direkt drop louch de Ball dunn awer am Lëtzebuerger Filet. Et war de Gnabry, deen aus der Distanz de Woltemade ugeschoss huet, an de Ball domadder iwwer Ëmweeër am Gol ënnerbrénge konnt. Allerdéngs gouf de Gol nom Asaz vum VAR oferkannt. Dëst well de Woltemade mat der Hand um Ball war. Et ware weider déi Däitsch déi den Toun uginn hunn, mä och de Goretzka konnt de Ball mat sengem Kappball net am Gol ënnerbréngen. Mä dëst sollt dem Raum dunn awer an der 12. Minutt per direktem Fräistouss geléngen. De Moris ass wuel nach geflunn, mä war bei dësem placéierte Fräistouss ouni Chance, soudatt et 1:0 fir Däitschland stoung. An der 18. Minutt huet et nees am Strofraum vun de Lëtzebuerger gebrannt. Dëst nodeems de Gnabry op en Néits e Schoss a Richtung Moris lassgelooss huet. De Schoss vum Gnabry sollt zwar nieft dem Gol aschloen, allerdéngs war virdrun de Carlson als leschte Mann am Strofraum mat der Hand um Ball. Eng rout Kaart an en Eelefmeter waren déi logesch Konsequenz nom Asaz vum Lëtzebuerger Spiller. Dem fällegen Eelefmeter huet sech de Kimmich ugeholl, deen dëse sécher an der 20. Minutt verwandele konnt. Doropshin hunn déi Däitsch op den drëtte Gol gedréckt, mä weder dem Goretzka, nach dem Gnabry sollt dëst virun de Paus geléngen. Vun de Lëtzebuerger war am Stuerm iwwerdeems näischt ze gesinn. D'Rout Léiwen stoungen déi gréissten Zäit am eegene Strofraum an hu probéiert, fir de Schued a Grenzen ze halen. Mat engem 2:0 ass et deemno op den Téi gaangen.
Nom Téi hunn déi Däitsch weider de Stempel op de Match gedréckt. Zwee séier Goler waren d'Resultat. An der 48. Minutt konnt de Gnabry vun engem schlechten Tackling vum Veiga profitéieren a sech duerch d'Bascht maachen, fir den drëtte Gol vum Dag ze markéieren. Nëmmen zwou Minutten drop, konnt de Kimmich de 4:0 schéissen. Dëst nodeems d'Lëtzebuerger et net fäerdeg bruecht hunn, fir e Corner ze klären. D'Lëtzebuerger sinn deen Ament wéi wëll Hénger iwwert den Terrain gelaf a kruten näischt op d'Been gestallt. An der 60. Minutt sollt de Potto d'Lëtzebuerger no engem Fräistouss vum Wirtz virum 5:0 retten. De Moris wier ouni Méiglechkeet gewiescht, fir un de Ball ze kommen, soudatt dem Wirtz säi Ball sécher am Gol ageschloe wier. Doropshin ass de Match viru sech dohigeplätschert. Däitschland huet de Match geréiert, näischt ubrenne gelooss an de Stiwwel propper erofgespillt. Vun de Roude Léiwen dogéint ass an der zweeter Hallschent guer keng Reaktioun komm. Et goufe vill technesch Feeler, Onopmierksamkeeten souwéi Feelpassen. Et war net den Dag vun de Lëtzebuerger, déi eng schlecht Prestatioun un den Dag geluecht hunn. An der Schlussphas hate souwuel de Goretzka, ewéi och de Wirtz nach déi eng oder aner Méiglechkeet, mä den Däitsche sollt kee weidere Gol méi geléngen. Um Enn verléiert Lëtzebuerg verdéngt mat 0:4 an Däitschland a muss elo déi drëtten Defaite am drëtte Match schlécken.