E Samschdeg stoungen an der Coque béid Halleffinalle vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters um Programm.

Am éischten Duell vum Dag huet sech d'Alizé Cornet no zwee Sätz mat 6:4 a 6:3 géint d'Anett Kontaveit duerchgesat. An enger héichklasseger Partie war d'Fransousin Alizé Cornet besser gestart a konnt trotz enger kämpferescher Leeschtung vun der Estin Anett Kontaveit den éischte Saz mat 6:4 fir sech entscheeden. Am zweete Saz huet een da scho gemierkt, datt e Match mat där Intensitéit vill Kraaft kascht. D'Fransousin konnt d'Iwwerhand awer behalen a sech duerch e 6:3 den Ticket fir d'Finall sécheren.

RTL

© Roland Miny / Visual Online

No enger klenger Paus ass et dann direkt an déi zweet Halleffinall gaangen, wou sech och d'Angelique Kerber no zwee Sätz mat 6:4 a 7:5 géint d'Barbora Strycova behaapte konnt. Den éischte Saz, an deem sech béid Spillerinnen ufanks op Aenhéicht gewisen hunn, ass mat 6:4 un déi Däitsch gaangen. Och den zweete Saz war op en Neits ausgeglach an hei sollt d'Angelique Kerber da mat 7:5 den Deckel drop maachen.

RTL

© Roland Miny / Visual Online

D'Finall tëscht der Alizé Cornet an der Angelique Kerber kënnt Dir e Sonndeg nees live op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu an RTL Play suivéieren.