Op der Pressekonferenz virum Lännermatch tëscht Däitschland a Lëtzebuerg huet eng Fro vun engem Journalist fir eng ongewinnt direkt Reaktioun gesuergt.

En däitsche Journalist huet sech un den Nationaltrainer Jeff Strasser adresséiert a gefrot, de Leandro Barreiro wier jo e gestanene Spiller, ob hien och nach aner Spiller vun där Qualitéit a sengem Kader hätt.

De Jeff Strasser huet op d'Fro geäntwert, dobäi den Danel Sinani ernimmt, dee leider gespaart wier, de Kiki Martins, den Anthony Moris, an ergänzt, dass allgemeng all d'Spiller an der Nationalmannschaft an hire Veräiner eng wichteg Roll spillen an dohier d'Nationalmannschaft u sech natierlech u Qualitéit gewonnen hätt. Wou de Jeff Strasser nach selwer fir d'Nationalekipp gespillt huet, wier hie quasi den eenzege gewiescht, deen deen Ament am Ausland gespillt hätt. Dat wier haut zum Gléck net méi de Fall an deementspriechend wier d'Qualitéit vun der Ekipp och geklommen.

Domadder war d'Fro eigentlech beäntwert, ma de Leandro Barreiro huet dunn nach emol d'Wuert ergraff an hat e Message un de Journalist.

Message vum Leandro Barreiro un en däitsche Journalist

Hie wier der Meenung, dass wann de Journalist op eng Pressekonferenz kënnt an e Géigner analyséiert oder esou Froe stellt, sollt hie scho wëssen, wou d'Spiller vun der géignerescher Ekipp spillen, respektiv op wéi engem Niveau se spillen. Et wier net um Nationaltrainer, fir d'Spiller an hir Veräiner ze nennen. Dat just als Info fir déi nächste Kéier.