An der zweeter Ronn vum European Cup am Handball huet um Freidegowend den HB Diddeleng däitlech géint KH Rahoveci aus dem Kosovo gewonnen.

Um Enn huet de Lëtzebuerger Champion sech mat 41:34 duerchgesat. Mat deem Resultat sinn d'Chancë ganz grouss, datt den HBD eng Ronn weiderkënnt.

An der Paus war de Lëtzebuerger Rekordchampion just 2 Goler am Avantage. Den Itua Etute an den Aldin Zekan waren déi effikasst Diddelenger mat 9 respektiv 8 Goler.

De Retourmatch ass um Samschdegowend vun Hallwer 9 un och zu Diddeleng.