E Freideg den Owend war et d'Suite vun de Véierelsfinalle bei de Luxembourg Ladies Tennis Masters.

An der éischter Véierelsfinall vum Dag stounge sech déi fréier Nummer 1 vun der Welt Angelique Kerber an d'Kirsten Flipkens aus der Belsch géintiwwer. Um huet sech d'Angelique Kerber an zwee Sätz mat 6:3 a 6:4 behaapt.

Fir d'Angelique Kerber, dat am Juni eng zweete Kéier Mamm ginn ass, war et elo an der Coque den éischte Match zanter der Gebuert vu sengem Kand.

An der anerer Partie vum Dag stounge sech d'Tschechin Barbora Strycova an d'Kanadierin Eugenie Bouchard géigeniwwer. Nodeems d'Bouchard den éischte Saz mat 6-4 fir sech entscheede konnt, ass den 2. Saz mat 6:2 kloer fir d'Strycova ausgaangen. Et war och d'Tschechin, déi sech schlussendlech mat 10:7 am Tie-Break duerchsetze konnt.

D'Kerber an d'Strycova treffen domadder e Samschdeg an der éischter Halleffinall openeen, an der zweeter sinn et d'Anett Kontaveit an d'Alizé Cornet, déi géintenee spillen a sech schonn en Donneschdeg fir d'Halleffinalle qualifizéiere konnten.

D'Halleffinalle ginn e Samschdeg vu 15.55 Auer u gespillt a live op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play iwwerdroen. D'Finall gëtt e Sonndeg um 15.30 Auer gespillt an och live iwwerdroen.