D'Dikrecher Sportshal dierft nach bis d'Enn vum Joer zoubleiwen, dat well de Buedem vun der Hal sech gehuewen huet, no engem Waasserschued am September.

Den Handballveräin vun Dikrech huet en Donneschdeg via d'sozial Medie matgedeelt, dass se hir Heemmatcher net wéi geplangt spille kënnen. Am Schreiwes geet rieds dovunner, dass de Buedem an der Dikrecher Sportshal futti wier. Beim Donnerwieder den 8. September wier Waasser an d'Ënnerkonstruktioun vum Buedem agedrongen.

Vun anerer Säit krute mer matgedeelt, dass d'Fiichtegkeetsproblemer net nei wieren. Ëmmer nees wier Waasser an d'Hal agedrongen, wann et gereent huet. Obwuel ëmmer nees op de Problem higewise gi wier, wier just iwwerflächlech mol eppes ersat ginn. Am Summer wier d'Hal dann och fir 3 Méint zou gewiescht, do goufen ënnert anerem Luuchten ersat an d'Dusche wiere renovéiert ginn. Allerdéngs wier et scho kuerz no der Reouverture nees zu Problemer mat Fiichtegkeet komm.

Elo nom rezente Staarkreen am September hätt d'Situatioun sech däitlech verschlëmmert, heescht et an enger Mail un d'Redaktioun. Een Deel vum Buedem an der Sportshal gouf zwar ersat, ma de Recht vum Buedem géif weider opquëllen, sou dass en deels net méi ze bespille wier.

D'lescht Woch huet dann och mussen e Coupematch (Handball) vun den Dammen ofgebrach ginn, well d'Verletzungsgefor einfach ze grouss war duerch de kromme Buedem. Déi Decisioun hat e Vertrieder vun der Federatioun um Match selwer geholl.

Nieft Handball gëtt an där Hal awer zum Beispill och Basket oder Volleyball gespillt, respektiv kommen d'Schoulen dohinner, fir hire Sportunterrecht. Deemno ass d'Hal vill frequentéiert.

Dëse Weekend sollten zu Dikrech zum Beispill Jugendmatcher am Basket gespillt ginn. En Donneschdeg den Owend huet den Trainer vun Zolwer senge Spiller matgedeelt, dass hir Matcher net kënne gespillt ginn, well d'Hal zu Dikrech wéinst engem Waasserschued net disponibel wier.

D'Hal huet duerch de Reen am September staark gelidden, esou den Dikrecher Buergermeeschter Charles Weiler

Op Nofro bei der Dikrecher Gemeng war et d'Bestätegung vum Buergermeeschter Charles Weiler, dass de staarke Reen am September dofir gesuergt huet, dass d'Hal zu dräi Véierel iwwerschwemmt gi war. Wou genee d'Waasser eragelaf wier, wéisst een aktuell nach net. Mat Pompele gouf d'Hal nees dréche geluecht, ma mëttlerweil géif sech op ëmmer méi Plaze weisen, dass de Buedem sech hieft.

Hal gehéiert dem Staat, gëtt awer vun der Gemeng exploitéiert

Nei méi spéit wéi dëse Freideg de Moie war de Buergermeeschter dann och mat de Responsabele vun de Bâtiments publics op der Plaz, fir sech d'Situatioun unzekucken. D'Sportshal gehéiert nämlech dem Staat, gëtt awer vun der Gemeng exploitéiert.

Hal bleift viraussiichtlech bis Enn vum Joer zou - et gëtt no Ersatzléisunge gesicht

Et gouf decidéiert, dass de komplette Buedem vun der Hal muss ersat ginn, dofir gouf och d'Urgence en Appell u Firme gemaach, fir hir Offerten eranzeschécken. Éier et mat den Aarbechte lassgeet, kann nach 2-3 Wochen daueren, esou de Charles Weiler. Bis dohinner kéint nach weider an der Hal trainéiert ginn, ma Competitioune kéinten net méi do ausgedroe ginn. D'Hal wier viraussiichtlech bis Enn vum Joer elo mol gespaart. D'Sécherheet misst garantéiert sinn.

Aktuell wier een a Gespréicher mat den Nopeschgemengen an ënnert anerem dem Dikrecher Lycée, déi och nach Sportshalen hätten, déi allerdéngs scho gutt besicht sinn. Ma eventuell kéinten do Weekends verschidde Matcher gespillt ginn.

De Buergermeeschter huet dann och elo nach Rendez-vouse mat den eenzele Veräiner, fir ze kucken, wéi een déi nächst Zäit sécherstelle kann, dass jiddereen trainéieren a seng Competitioune spille kann.

De Charles Weiler huet dann och net verstoppt, dass d'Hal zu Dikrech e gewëssen Alter huet, an eben an deem Zoustand ass, wéi se ass. Et wier geplangt, se komplett ze renovéieren, ma dat dierft net virun 2031 geschéien, wann dat neit Gebai vum Nordstadlycée bis steet an dann och eng eegen Hal huet.