Net nëmmen als begeeschterte Spectateur ass de Grand-Duc Henri op den Olympesche Summerspiller mat dobäi, ma och als aktive Member vum IOC.

Bei der Damme-Vëloscourse iwwer 136 Kilometer huet de Grand-Duc Henri d'Medailen un d'Gewënnerinnen iwwerreecht.

Grad wéi säi Papp, ass de Grand-Duc Member vum IOC.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg/Christophe Hochard

De Groussherzog war och beim Tennismatch vum Gilles Muller dobäi, grad wéi och am 2.Tour vun der Dëschtennispartie vum Ni Xia Lian.

De Lëtzebuerger Chef d'Etat war donieft och bei der Cérémonie d'Ouverture present.

D'Biller vun der Medaileniwwerreechung och e Méindeg nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.