Den 3. Spilldag vu der WM-Qualifikatioun fir d'Rout Léiwe steet d'nächst Woch an Däitschland um Programm.

E Donneschdeg huet de Futtballnationaltrainer Jeff Strasser de Kader fir déi nächst zwee Matcher an der WM-Qualifikatioun géint Däitschland an d'Slowakei op enger Pressekonferenz virgestallt. Grouss Iwwerraschunge sinn ausbliwwen. Aus dem nationale Championnat ass de Kenan Avdusinovic vum Progrès Nidderkuer déi éischte Kéier mat dobäi, deen dem Nationaltrainer no op Grond vu senge Leeschtungen eng Selektioun verdéngt huet. De Mica Pinto gouf dogéint net zeréck behalen, den Ament huet hie kee Veräin an ass op der Sich no engem neie Kontrakt. De Verdeedeger huet den Ament och net déi kierperlech Viraussetzungen, fir kënnen an der Nationalekipp ze spillen. De Christopher Martins, dee wéinst Blessur am September bei de Matcher géint Nordirland an d‘Slowakei gefeelt hat, ass nees am Kader. Den Danel Sinani ass géint Däitschland gespaart, kann awer an der Slowakei nees spillen.

Mam Brian Madjo gouf et ee weidert Gespréich, hie wëll awer Stand elo fir d‘U17 vun England spillen. Beim Dany Mota gëtt et keen neie Stand.

D'Lëtzebuerger Nationalekipp steet no zwee Spilldeeg an der WM-Qualifikatioun nach als eenzeg Ekipp am Grupp A ouni Punkten do. Als nächst muss een den 10. Oktober auswäerts géint Däitschland spillen, déi duerch hir Néierlag géint d'Slowakei selwer ënner Drock stinn. De Jeff Strasser weess, wéi héich d'Qualitéit vum Julian Nagelsmann senger Ekipp ass, et misst ee virun allem Léisunge géint de Géigepressing fannen. De Roude Léiwen ass et réischt eng Kéier gelongen, géint den däitschen Noper ze gewannen, bis ewell stounge béid Ekippe sech 13 Mol géigeniwwer.

Fir de Match an der Slowakei hätt ee vill kënnen aus dem Allersmatch am Stade de Luxembourg léieren an op déi gutt Saachen opbauen. Elo gëllt et fir den 13. Oktober an der Slowakei et besser ze maachen, an déi dräi Punkten zréck mat op Lëtzebuerg ze bréngen.

An den éischten zwee Matcher vun der WM-Qualifikatioun gouf et zweemol eng Néierlag fir d'Ekipp vum Strasser. Den Optakt hat een 1:3 géint Nordirland verluer. Géint d'Slowakei war ee laang déi besser Ekipp, ma et konnt ee sech awer net belounen an d'Slowaken hate kuerz viru Schluss den 1:0 markéiert.

Et verbleiwen nach 4 Spilldeeg an der WM-Qualifikatioun, allerdéngs muss een dräimol auswäerts spillen an zweemol géint de staarken däitschen Noper.

Déi nächst Matcher vun der Nationalekipp am Iwwerbléck:

Freideg, 10. Oktober 20h45 Däitschland - Lëtzebuerg
Méindeg, 13. Oktober 20h45 Slowakei - Lëtzebuerg
Freideg, 14. November 20h45 Lëtzebuerg - Däitschland
Méindeg, 17. November 20h45 Nordirland- Lëtzebuerg

All d'Matcher gi wéi gewinnt op der Tëlee, um Radio an op RTL.lu iwwerdroen.