Marie Schreiber fält fir d'Mixed-Staffel aus

© Ketty a Rom Hankes
Zu Étoile-sur-Rhône a Frankräich ginn den Ament déi nei Europameeschteren am Cyclissem op der Strooss gesicht.
Nodeems e Mëttwoch d'Eenzelzäifueren op der EM um Programm stoungen, gëtt en Donneschdeg d'Mixed-Ekippenzäitfuere gefuer. Fir d'éischte Kéier ass och eng Lëtzebuerger Ekipp bei dëser Competitioun vertrueden. Kuerz virum Start en Donneschdeg huet een d'Ekipp missen ëmstellen. D'Marie Schreiber, déi e Mëttwoch schonn op e Start am Eenzelzäitfuere verzicht hat, ass weiderhi gesondheetlech ugeschloen a kann net un den Depart goen. Si gëtt ersat vum Gwen Nothum, dat huet d'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun RTL géintiwwer matgedeelt.
Fir Lëtzebuerg ginn domadder un den Depart: D’Gwen Nothum, d'Liv Wenzel an d'Nina Berton, grad wéi den Alex Kirsch, den Arthur Kluckers an de Mats Wenzel.
De klore Favorit op den Europameeschtertitel am Mixed-Ekippenzäitfueren ass d'Schwäiz mat Reusser a Küng. Frankräich ass virun den eegene Spectateuren och staark anzeschätzen. An och Italien mam Ganna dierft e Wuert ëm d'Medaile matschwätzen.
Als éischt Ekipp start d'Ukrain um 14.30 Auer. Duerno gëtt d'Team Lëtzebuerg um 14.34 Auer op de 40 Kilometer laange Parcours geschéckt. Als lescht geet Italien um 15.42 Auer un den Depart.