Frankräich konnt sech mat 7 Sekonnen op Italien Gold séchere. D' Lëtzebuerger si fir d'éischte Kéier mat dobäi a ginn 5.

Am eegene Land konnt sech en Donneschdeg Frankräich am Mixed-Ekippenzäitfueren mat engem Ecart vu 7 Sekonnen op Italien den Europameeschtertitel sécheren. D'Schwäiz kënnt mat engem Retard vu 40 Sekonnen op déi 3. Plaz.

D'Lëtzebuerger ware fir d'éischte Kéier an dëser Disziplin mat enger Ekipp um Depart a si gutt zwou Minutten nom Europameeschter iwwer d'Arrivée gefuer. Domadder séchere si sech déi 5. Plaz hannert Däitschland. 7 Ekippe waren um Depart.

D'Marie Schreiber konnt aus gesondheetleche Grënn, wéi scho beim Eenzelzäitfueren, net mat un den Depart goen a gouf kuerzfristeg duerch d'Gwen Nothum ersat. Fir Lëtzebuerg ugetruede sinn d'Nina Berton, d'Liv Wenzel, d'Gwen Nothum, den Arthur Kluckers, de Mats Wenzel an den Alex Kirsch.

D'Europameeschterschaft a Frankräich geet nach bis e Sonnden. De weidere Programm vun de Lëtzebuerger Coureure fann dir hei:

  • Freideg: Stroossecourse vun de Junioren - Flavio Astolfi, Jonah Flammang-Lies, Loïc Gouveia, Yannis Lang, Arnaud Noirhomme, Lenn Schmitz
  • Freideg: Stroossecourse vun de Juniorinnen - Lena Lallemang, Elena Lopes
  • Freideg: Stroossecourse vun den U23-Dammen - Layla Barthels, Gwen Nothum, Marie Schreiber, Liv Wenzel
  • Samschdeg: Stroossecourse vun den U23-Hären - Noé Ury, Mats Berns, Alexandre Kess, Mathieu Kockelmann, Mil Morang, Arno Wallenborn
  • Samschdeg: Stroossecourse vun den Dammen - Nina Berton
  • Sonnden: Stroossecourse vun den Hären - Kévin Geniets, Arthur Kluckers, Mats Wenzel