Lille klappt Roum, Braga wënnt zu Glasgow

© Photo by Filippo MONTEFORTE / AFP
18 Partien an der Europa League stoungen en Donneschdeg um Programm
E fréie Gol ass Lille duergaangen, fir an der italieenescher Haaptstad géint den AS Roum ze gewannen. Den Haraldsson hat schonn no sechs Minutte getraff. Et sollt dann och den eenzege Gol an enger Partie sinn, an där d'Heemekipp vill Drock gemaach huet, sech awer fir hir Aarbecht net beloune konnt.
Genau wéi Lille konnt och Braga déi zweet Victoire am zweete Match feieren, datt auswäerts bei Celtic Glasgow. Glasgow huet et an dëser Partie net fäerdeg bruecht, aus dem ville Ballbesëtz, dee si haten, Goler ze schéissen. A wann hinnen et gelongen war, wéi an der 52. Minutt, huet de VAR de Gol zeréckgeholl. Méi Succès virun der Këscht haten d'Portugisen. Braga war no 21 Minutten duerch den Horta a Féierung gaanngen an de Martinez, dee kuerz virdrun agewiesselt gi war, huet no 85 Minutten den Deckel drop gemaach.
Kee Gewënner gouf et dann tëscht Bologna a Freiburg. D'Heemekipp war no 29 Minutten duerch den Orsolini a Féierung gaangen. No bal enger Stonn krut Freiburg dunn en Eelefmeter, eng Chance, déi sech den Adamu net huele gelooss huet. Um Enn sollt et beim 1:1 bleiwen.
All d'Resultater am Iwwerbléck: