D'Belsch huet sech am Frëndschaftslännermatch duerch e fréie Gol mat 1:0 géint d'Rout Léiwinne behaapt.

FLF-Damme verléiere géint d'Belsch / Rep. Franky Hippert

Um Terrain vum FC Wolz huet sech e Samschdeg d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp bei den Dammen knapp mat 0:1 misse géint d'Belsch geschloe ginn. An der 9. Minutt konnten d'Gäscht duerch e Gol vum Jassina Blom a Féierung goen, ma de Réckstand war vun der FLF-Formatioun trotz enger gudder Leeschtung um Enn net méi opzehuelen.

Kuckt de Match nach emol am Replay