Laurent Jans a Beveren sinn Tabelleleader
© Val Wagner (Archiv)
De Marvin Martins an den Ollivier Thill duerfte sech iwwer 3 Punkte freeën. E Samschdeg war de Leandro Barreiro mat Benfica och erfollegräich.
Um Sonndeg waren dräi Lëtzebuerger Nationalspiller mat hire jeeweilegen Ekippen am Asaz a konnten alleguer Victoirë feieren.
De Kapitän vun der Nationalekipp, de Laurent Jans, huet an der zweeter belscher Liga mat Beveren 1:0 géint Lokeren gewonnen. De Lëtzebuerger huet de Match duerchgespillt. Den decisive Gol ass an der 76. Minutt gefall. Beveren steet mat 18 Punkten aus 6 Matcher ongeschloen un der Tabellespëtzt.
De Marvin Martins huet sech mam FC Winterthur fir déi nächst Ronn vun der Schwäizer Coupe qualifizéiert. Am Match vun der éischter Ronn huet ee sech kloer mat 4:0 zu Schaffhausen duerchgesat.
A Serbien huet den Olivier Thill mat Novi Belgrad eng 1:0-Victoire gefeiert. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf no 76 MInutten ausgewiesselt. Zu deem Zäitpunkt war de Gol scho gefall.
Samschdeg
Um Samschdeg gouf et an der 2. Liga an Éisträich eng 2:1-Victoire fir St. Pölten bei Austria Salzburg. Den Dirk Carlson stoung déi 90 Minutten um Terrain. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Defenseur louch bis an déi 88. Minutt 0:1 hannen. An der 88. an an der 96. Minutt konnt St. Pölten d’Partie awer komplett dréinen. No 7 Matcher bleift St. Pölten op der 1. Plaz an der Tabell.
Benfica huet an der héchster portugisescher Divisioun mam neien Trainer José Mourinho 3:0 zu AFS gewonnen. De Leandro Barreiro gouf an der 71. Minutt agewiesselt. Zu deem Ament stoung et schonn 3:0 fir Benfica. No 5 Matcher huet ee 4 Victoiren an ee Remis um Kont.
De Seid Korac huet mat Venedeg mat 1:2 géint Cesena de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain an huet de Match duerchgespillt.
Den Aiman Dardari stoung an der 1. Bundesliga bei der klorer 1:4-Néierlag vun Augsburg géint Mainz net am Kader vun der Heemekipp.
An der 2. Bundesliga gouf et eng 0:2-Néierlag fir Magdeburg géint Schalke. Den Eldin Dzogovic souz de ganze Match op der Bänk.
An der Ligue 2 a Frankräich bleift Bastia weiderhin ouni Succès an der aktueller Saison. Zu Montpellier gouf et eng 0:2-Defaite. De Florian Bohnert stoung wéinst enger Blessur net am Kader.
Freideg
Bundesliga
De VfB Stuttgart krut et um 4. Spilldag an der Bundesliga mam FC St.Pauli ze dinn, wou den Danel Sinani mëttlerweil Stammspiller ass. Stuttgart huet no 3 Matcher eréischt 3 Punkten, géintiwwer St. Pauli mat 7 Punkten. Stuttgart huet dann och direkt Vollgas ginn an an der 5. Minutt hu se duerch den Demirovic eng éischte Kéier getraff. Allerdéngs gouf de Gol wéinst enger Abseitspositioun zeréckgeholl. An der 23. Minutt huet den Eric Smith vu St. Pauli een Eelefmeter verursaacht, dat no engem Foul um Tiago Tomas. Den Angelo Stiller ass ugetrueden, säi Schoss war awer net prezis genuch an de Golkipp vu St. Pauli konnt de Ball halen. Et blouf weiderhi beim 0:0.
Kuerz virun der Paul huet den Demirovic d'Beméiunge vu Stuttgart awer belount a konnt no Virbereedung vum Leweling den 1:0 markéieren.
An der zweeter Hallschent krut St. Pauli guer net vill Zäit fir sech Chancen op den Ausgläich erauszespillen, well schonn an der 50. Minutt huet den El Khannouss mat sengem 1. Gol an der Bundesliga op 2:0 erhéijen. An der 73. Minutt huet den Danel Sinani musse mat enger Blessur vum Terrain.
Stuttgart ka sech um Enn mat 2:0 géint St. Pauli behaapten a feiert déi éischt Victoire an dëser Bundesligasaison. Si klammen domadder virleefeg op Plaz 7 an der Tabell. St. Pauli bleift op der 4.
Saudi Professional League
A Saudi-Arabien koum et zum Duell tëscht Al Qadisiya an Al Khaleej mam Lëtzebuerger Anthony Moris.
Schonn no 10 Minutten huet de Moris eng éischte Kéier mussen hannert sech gräifen, nodeems de Retegui den 1:0 fir seng Faarwe geschoss huet. An der 78. Minutt konnt de King op 1:1 ausgläichen. Ma domadder war et net gedoen. An der Nospillzäit konnt den Al Salem den decisiven 2:1 fir Al Qadisiya schéissen. Doduerch iwwerhuele si elo och d'Tabellespëtzt. Al Khaleej steet op Plaz 4.
2. Liga a Polen
Fir den 10. Spilldag koum et zum Duell tëscht Odra Opole, dem Veräi vum Edvin Muratovic, an de S. Rzeszow vum Sébastien Thill. Iwwerdeems de Sébastien Thill guer net am Kader stoung, sou gouf den Edvin Muratovic awer an der 82. Minutt agewiesselt, dat fir den zweefache Butteur Przybylko. Rzseszow war schonn an der 4. Minutt duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen. An der 33. Minutt konnt de Przybylko awer ausgläichen. Kuerz virun der Paus huet de selwechte Spiller den 2:1 fir d'Heemekipp geschoss. An der zweeter Hallschent huet Opole an der 91. Minutt nach eng giel/rout Kaart musse verkraaften, wat awer keen Afloss méi op d'Schlussresultat hat. Den Edvin Muratovic konnt sech deemno um Terrain mat senge Matspiller iwwert d'2:1-Victoire freeën.
2. Bundesliga
Um 6. Spilldag an der 2. Bundesliga hat d'Arminia Bielefeld Greuther Fürth mam Mathias Olesen op Besuch. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung dann och direkt fir den Ufank vum Match mat um Terrain. D'Gäscht si besser an de Match komm an konnten an der 25. Minutt duerch de Futkeu a Féierung goen. An der 50. Minutt huet de Worl fir d'Arminia ausgeglach. An der 79. Minutt an den Olesen bei Fürth ausgewiesselt gi fir de Green, an direkt déi Minutt duerno huet de Marco John den 2:1 fir Fürth markéiert. An der 86. Minutt ass souguer den 3:1 fir Fürth gefall, dee gouf awer wéinst enger Abseitspositioun nees oferkannt. An der 94. Minutt huet de Felix Klaus dunn awer definitiv den Deckel drop gemaach a Greuther Fürth kann auswäerts 3:1 géint Arminia Bielefeld gewannen.