Blamage fir d'Falcons, Packers gi Match am leschte Véierel aus der Hand

© AFP
De Weekend goufen an der NFL d'Matcher vun der Week 3 an der Regular Season gespillt.
D'Carolina Panthers hu sech hei mat engem spektakulären 30:0-Succès géint d'Atlanta Falcons déi éischt Victoire vun der Saison geséchert. Dobäi war de Score bis an d'Hallschent vum Match nach relativ niddreg. An den éischten zwee Véierel waren de Panthers een Touchdown duerch de Bryce Young an ee Field Goal gelongen. Fir d'Falcons gouf et géint eng Defense an Héichform déi ganz Partie iwwer keen Duerchkommen. En Touchdown an e Field Goal gouf et dann nach jeeweils ee Mol am drëtten an am véierte Véierel an domat war d'Blamage um Enn fir d'Ekipp aus Atlanta mat null Punkte perfekt.
Méi spannend war et dann am Duell tëscht de Green Bay Packers an de Browns, an deem sech d'Ekipp vu Cleveland nach am leschte Véierel eng 13:10-Victoire krope konnt. No engem éischte Véierel ouni Punkte war et am zweete Quarter och just ee Field Goal, deen d'Packers a Féierung bruecht huet. Dës Féierung konnte si dann am drëtte Véierel weider op 10:0 duerch en Touchdown vum John FitzPatrick ausbauen. Domat sollt den Deckel awer nach laang net drop sinn. Am leschte Véierel hunn d'Browns nämlech nach eemol richteg opgedréint an duerch e Field Goal an ee séieren Touchdown vu just siwe Sekonnen am Numm vum Quinshon Judkins op 10:10 ausgeglach. Kuerz viru Schluss huet ee weideren Dräi-Punkter fir d'Decisioun gesuergt an net nëmmen déi éischt Victoire vun der Saison fir d'Browns, ma och déi éischt Defaite fir d'Green Bay Packers bruecht.
Keng Chance haten dann d'Cincinnati Bengals, déi ouni hire blesséierte Quarterback Joe Burrow mat 10:48 géint d'Minnesota Vikings verluer hunn. De ganze Match iwwer waren de Vikings sechs Touchdownen an zwee Field Goals gelongen an och d'Defense war op dësem Sonndeg bal net ze schloen. Een eenzegen Touchdown war de Bengals dann am véierte Véierel nach gelongen, dat sollt awer näischt méi un der batterer an och der éischter Defaite dës Saison änneren.
Resultater
Dolphins - Bills 21:31
Falcons - Panthers 0:30
Packers - Browns 10:13
Texans - Jaguars 10:17
Bengals - Vikings 10:48
Steelers - Patriots 21:14
Rams - Eagles 26:33
Jets - Buccaneers 27:29
Colts - Titans 41:20
Raiders - Commanders 24:41
Broncos - Chargers 20:23
Saints - Seahawks 13:44
Cowboys - Bears 14:31
Cardinals - 49ers 15:16
Chiefs - Giants 22:9
An der Nuecht op en Dënschdeg steet dann nach de leschten Duell vun der Week 3 tëscht de Lions an de Ravens um Programm.