Kanner a Jugendlecher sollen dëst Joer am Fokus stoen
De 5.Oktober ass déi 49. Editioun vum Walfer Vollekslaf.
E Méindeg de Moie gouf am Centre Culturel eng Pressekonferenz gehalen, fir iwwert de Parcours ze informéieren an d’Detailer vum Evenement ze erklären. Et erhofft ee sech, dass och 2025 vill Leefer bei der Course matmaachen. Virun allem am Fokus sollen dëst Joer awer d’Kanner an d’Jugendlecher stoen.
De Walfer Vollekslaf ass säit mëttlerweil e puer Joerzéngten ee vun de gréissten Evenementer am Uelzechtdall. A Ronn zwou Wochen ass et Zäit fir déi 49. Editioun, déi wéi all Joer vill Leit an d’Gemeng zéie soll, dat souwuel fir matzelafen, wéi och fir nozekucken. Op enger Pressekonferenz gouf e Méindeg de Moien de Parcours virgestallt. Am ganzen dräi Distanzen, iwwer 12km, 5,4km an 1km kënnen dëst Joer gelaf ginn. Am Vierdergrond steet awer net onbedéngt d’Schluss-Zäit.
Marianne Dondelinger, Präsidentin vum Vollekslaf Walfer: "Bei ons geet et haaptsächlech ëm d’Freed fir matzemaachen. Mir sinn natierlech frou, wann all Joer Leefer op Walfer kommen, a si kommen och, mee et geet méi ëm de breede Sport."
Virun allem d’Kanner an d’Jugendlecher solle beim Walfer Vollekslaf dëst Joer eng méiglechst grouss Opmierksamkeet kréien. Sou gëtt beispillsweis ee Klassement just fir d’LASEL organiséiert an och de Minilaf ass eng Méiglechkeet, fir déi ganz kleng beim Walfer Vollekslaf matzemaachen. Mat esou Initiative soll de Sport bei Kanner a Jugendleche gefuerdert ginn, sou d'Marianne Dondelinger weider:
"De Plan de Développement d’Athletisme gesäit vir, datt alles op ee méi héijen Niveau soll kommen. Dat ass nëmme méiglech, wa mir méi eng breet Basis kréien. Déi kréie mir, wa mir de Schoulsport an d’Veräiner ënnerstëtzen an och d’Eltere motivéieren, datt hier Kanner sech méi solle beweegen. Dat ass sécher ee vun den Ziler vun eiser Course."
An och niewent dem Parcours ass fir déi néideg Animatioun gesuergt, fir datt d’Leefer op der Streck, an awer och d’Leit déi nokucken, eng flott Zäit am Uelzechtdall kënnen hunn. De Vollekslaf soll dobäi méi als Volleksfest gesi ginn, seet d'Marianne Dondelinger:
"Bei der ganzer Course ass vill Animatioun ronderëm déi ganz Course. Museke spillen, et ginn DJen, mir hunn Percussiounisten aus dem Stater Conservatoire. Et ass schonn eppes hei zu Walfer lass. Et ass ee grousst Volleksfest hei am Uelzechtdall."
D’Aschreiwunge sinn nach bis de 4. Oktober op an och de Walfi ass dëst Joer mat dobäi. De fréiere Basketspiller Bob Melcher huet dëst Joer d’Éier, e puer Méint nom Enn vu senger aktiver Karriär an dëser spezieller Funktioun mat dobäi ze sinn.