Titelverdeedeger Hueschtert-Folscht start mat klorer Victoire an d’Saison

© Emile Mentz (Archive)
De Weekend war am nationalen Dëschtennis-Championnat den éischte Spilldag vun der Saison 2025/2026.
Den Titelverdeedeger Hueschtert-Folscht huet och ouni de Maël Van Dessel an de Zoltan Fejer-Konnerth, déi de Club verlooss hunn, um éischte Spilldag mat 6:1 géint den Opsteiger Fluessweiler gewonnen. Ënnert anerem konnten déi zwee nei Spiller Jan Zibrat an Irfan Cekic jeeweils hir béid Matcher gewannen. Deemno e gelongenen Optakt fir den Doublé-Gewënner vun der leschter Saison.
Mam nämmlechte Resultat konnte sech och Recken, Berbuerg an den Houwald duerchsetzen. Recken huet dem Opsteiger Lenneng keng Chance gelooss, eenzeg den Gene Wantz huet sech dem Colin Heow misse geschloe ginn. De Vize-Champion Berbuerg hat och keng Problemer géint Iechternach, hei konnt aus Iechternacher Siicht just de Routinier Cédric Merchez ee Simple gewannen. An och den Houwald huet mat 6:1 géint Lëntgen gewonnen.
Méi knapp war et beim Duell Esch géint Lénger. Mat 6:3 konnte sech um Enn Gilles Michely a Co. géint déi Escher behaapten. Virop konnt Lénger sech dobäi op de Zoltan Fejer-Konnerth verloossen, dee vum Champion Hueschtert-Folscht op Lénger gewiesselt ass.
Deemno gouf et um éischte Spilldag keng gréisser Iwwerraschungen. D’Favoritten hu sech alleguerten duerchgesat, iwwerdeems d’Opsteiger sech nach un den Niveau an der héchster Divisioun winne mussen.