"Baku, e Weekend fir McLaren fir ze vergiessen"

© AFP
An der Formel 1 huet de Max Verstappen op Red Bull e Sonndeg mam GP vum Aserbaidschan, no Monza an Italien, seng zweete Course hannertenee gewonnen.
Fir den Hollänner war et dee 6. Grand Slam a senger Karriär, dat heescht Pole Position, all Tour vir an der Course, Victoire a séierst Ronn. Fir déi zwee éischt am WM-Klassement Oscar Piastri a Lando Norris, allebéid op McLaren, war et zu Baku e Weekend fir ze vergiessen, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
"Oscar Piastri, Accident am Qualifying, Accident an der Course, einfach e schlechte Weekend gehat. Sinn et d‘Nerven, déi blank louchen, den Drock deen e bësse spillt, oder war et einfach nëmmen e schlechten Dag, e schlechte Weekend? Warscheinlech éischter dat Zweet. Och hien ass nëmmen e Mënsch, och hie kann och emol en net esou e gudde Weekend hunn... just wann s de ëm d‘Weltmeeschterschaft kämpfs, gesäit jiddwereen dat direkt. Lando Norris hätt misse kapitaliséieren, allerdéngs huet een um Beispill Liam Lawson gesinn, en Auto dee séier op der Riichter ass, ass schwéier ze iwwerhuelen, och wann s du grondsätzlech méi Pace an dengem Auto hues. Wann s de net laanscht kënns, kënns de net laanscht, du bleifs hänken, dat ass dem Lando Norris geschitt. Et war eng langweileg Course, déi de Championnat awer nees komplett op mécht."
Am WM-Klassement bleift de Piastri Leader, huet awer 7 Coursse viru Schluss, an 199 Punkten déi nach ze verdeele bleiwen, just nach 25 Punkten Avance op den Norris an 69 op de Verstappen. Deen nächste Grand Prix ass an zwou Wochen zu Singapur.