Den Optakt vum Basketball-Championnat bei den Damme gouf e Sonndeg um INS gespillt.

Dammen

Den Terrain krut extra fir dëst Event e speziellen Design, donieft gouf mat rosa Bäll gespillt. D'Zuschauer hunn d'Event och gutt ugeholl an d'Tribühn am INS war den Dag iwwer gutt gefëllt.

Den AB Conter setzt sech mat 89:73 géint d'Amicale Steesel duerch. Bis zur Paus war de Match ausgeglach, den drëtte Véierel huet Conter allerdéngs komplett dominéiert (26:8) an sech domat entscheedend ofgesat. E staarken Androck huet d'Profispillerin Stefanie Kulesza mat 37 Punkten a 14 Rebounds gemaach.

Konter gewënnt fir den Optakt géint Steesel
Den ABC huet sech um INS 89:73 géint d'Amicale duerchgesat.
Steesel zitt géint Conter de Kierzeren
Um 1. Spilldag vum Basket-Championnat bei den Damme gouf et fir d‘Amicale eng 73:89-Néierlag.

Wolz konnt sech am zweete Véierel duerch den Impuls vum Lisy Hetting e Virsprong géint d'Musel Pikes erkämpfen. Um Enn wënnt d'Ekipp aus dem Norde mat 61:45. D'Lisy Hetting koum op 25 Punkten.

Wolz klappt d'Musel Pikes kloer
D'Ekipp aus den Ardennen huet sech 61:45 géint d'Pikes duerchgesat.

Den T71 Diddeleng wënnt den Spëtzematch géint d'Sparta Bartreng däitlech mat 85:60. D'Lauren Van Kleunen (35 Punkten) war net ze stoppen an d'Shalonda Winton huet 22 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Diddeleng gewënnt de Spëtzematch géint d'Sparta Bartreng
Den T71 huet der Sparta beim 85:60 keng Chance gelooss.

Moies hat déi zum Optakt spillfräi Ekipp Basket Esch e Frëndschaftsmatch géint d'Saarlouis Royals aus Däitschland. Dëse Match huet de Vize-Champion aus Däitschland mat 87:52 fir sech entscheet.