An der Finall zu Roland Garros konnt sech d'Tschechin hiren éischte Grand-Slam-Titel an der Karriär sécheren

Beim zweete Grand-Slam-Tournoi vum Joer stoung e Samschdeg zu Paräis d'Finall bei den Dammen tëscht der Nummer 33 a 34 vun der Welt um Programm.

No engem staarken éischte Saz vum Barbora Krejcikova konnt d'Anastassija Pawljutschenkowa am zweete Saz eng staark Äntwert weisen an trotz liichte Problemer mam Uewerschenkel op 1:1 ausgläichen. Den drëtte Saz war ufanks da méi ausgeglach, ma um Enn konnt sech d'Tschechin hei behaapten. Domat wënnt d'Barbora Krejcikova d'Finall mat 6:1, 2:6 a 6:4 a séchert sech domat den éischte Grand-Slam-Titel an hirer Karriär.