Victoire fir den Ethan Hayter, Brandon McNulty neie Leader am General

© Roland Miny
Den Amerikaner war däitlech méi séier wéi de Leader Mattias Skjelmose a konnt d'Féierung am General iwwerhuelen.
Um Samschdeg gouf en Zäitfuere vu 26,3 Kilometer ronderëm Nidderaanwen gefuer.
Et war en Zäitfueren op héijem Niveau, dat um Enn vum Ethan Hayter gewonne gouf. De Brandon McNulty hat e Retard vun 28 Sekonnen a gouf den Zweeten op der Etapp. Déi Placéierung ass duergaange fir sech de Maillot jaune vum Skjelmose ze kropen. Den Dän gouf den 10. op der Etapp mat engem Retard vun enger Minutt an 23 Sekonnen. De Ben Healy konnt sech mat engem Réckstand vun 58 Sekonnen déi 3. Plaz am Zäitfuere sécheren. Beschte Lëtzebuerger war de Mats Wenzel op der 39. Plaz. Hie ass 2 Minutten a 27 Sekonnen hannert dem Hayter iwwer d'Arrivée gefuer.
Am General huet de Skjelmose e Retard vu 47 Sekonnen op de McNulty. De Richard Carapaz läit do mat engem Réckstand vun enger Minutt a 4 Sekonnen op der 3. Plaz.

© Roland Miny
De beschte Lëtzebuerger ass den Arno Wallenborn op der 21. Plaz. Hie läit 3 Minutten a 12 Sekonnen hannert dem Leader. De Mil Morang bleif weiderhin am Trikot vum beschte Biergfuerer.
D'Klassement vun der Etapp
1 Hayter Ethan Soudal Quick-Step 00:30:38
2 McNulty Brandon UAE Team Emirates-XRG + 28
3 Healy Ben EF Education-EasyPost + 58
4 Guernalec Thibault ARKEA-B&B HOTELS + 01:01
5 Chamberlain Oscar Decathlon AG2R La Mondiale Team + 01:02
6 Paret-Peintre Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team + 01:10
7 Politt Nils UAE Team Emirates-XRG + 01:16
8 Carapaz Richard EF Education-EasyPost + 01:20
9 Gachignard Thomas Team TotalEnergies + 01:22
10 Skjelmose Mattias Lidl-Trek + 01:23
...
39 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma + 02:27
41 Kockelmann Mathieu Luxembourg + 02:35
43 Wallenborn Arno Luxembourg + 02:42
69 Ries Michel ARKEA-B&B HOTELS + 03:20
93 Kess Alexandre Luxembourg + 04:35
102 Ury Noe Luxembourg + 04:59
103 Morang Mil Luxembourg + 04:59
105 Berns Mats Luxembourg + 05:11
108 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team + 05:25
109 Bettendorff Loïc Hrinkow Advarics + 05:32
De General
1 McNulty Brandon UAE Team Emirates - XRG 12:05:43
2 Skjelmose Mattias Lidl - Trek +0:47
3 Carapaz Richard EF Education - EasyPost +1:04
4 Rondel Mathys Tudor Pro Cycling Team +1:12
5 Skujiņš Toms Lidl - Trek +1:19
6 Hirschi Marc Tudor Pro Cycling Team ,,
7 Brenner Marco Tudor Pro Cycling Team +1:35
8 Paret-Peintre Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG +1:37
10 Berrade Urko Equipo Kern Pharma +1:40
...
21 Wallenborn Arno Luxembourg +3:12
22 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma +3:36
51 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels +10:52
68 Bettendorff Loïc Hrinkow Advarics +17:18
77 Kockelmann Mathieu Luxembourg 10″ +20:01
87 Kess Alexandre Luxembourg +23:42
89 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team +25:10
93 Morang Mil Luxembourg +26:30
98 Ury Noé Luxembourg +28:06
107 Berns Mats Luxembourg +29:40