Nieft dem Frëndschaftsmatch géint den Organisateur vun der WM, gouf et an der Grupp vun de Roude Léiwen zwee Matcher, wou et ëm wichteg Punkte goung.

Am Kader vun der WM-Qualifikatioun gouf de Katar jo als Gaaschtekipp an d'Grupp A vun de Lëtzebuerger geloust. D'Katarer gi wéi eng normal Ekipp an der Grupp behandelt, d'Matcher ginn awer an der Tabell net berécksiichtegt.

Schonn um 18 Auer huet den Aserbaidjan d'Ekipp aus dem Portugal empfaangen, déi ouni de Superstar Ronaldo ugetruede sinn. Trotzdeem huet d'Ekipp iwwerzeegt. No eppes méi wéi enger hallwer Stonn war ee schonn 2:0 vir, duerch Goler vum Bernardo Silva (26') an dem André Silva (31'). Den Diogo Jota huet an der 75. Minutt de Sak zougemaach.

Um 20.45 Auer gouf dunn den zweete Match am neien nationale Stadion am Grand-Duché ugepaff. No enger hallwer Stonn hat de Borges Sanches déi Rout Léiwen a Féierung bruecht, ma virun der Paus huet den Elami den Ausgläich fir de Katar markéiert. Lëtzebuerg hat iwwert déi 90 Minutte gekuckt méi vum Match, ma konnt déi bal 60 Prozent Ballbesëtz an déi 10 Ofschlëss net notzen, fir dëse Match ze gewannen.

An der leschter Partie am Grupp hat IrlandSerbien op Besuch. D'Gäscht koume gutt an de Match a sinn no 21 Minutten duerch de Milinkovic-Savic a Féierung gaangen. Laang hat et gutt ausgesinn, datt d'Serben dëse Match kéinte gewannen, ma no engem Selbstgol vum Milenkovic an der 87. Minutt konnt Irland sech ee Punkt doheem sécheren.

Mat deene Resultater steet Portugal aktuell vir mat 13 Punkten, dono kënnt Serbien mat 11 Punkten. Lëtzebuerg ass op der Plaz 3 mat sechs Punkten, dofir engem Match manner, an Irland huet zwee Punkten aus 5 Matcher. Den Aserbaidjan konnt bis ewell just ee Punkt erausspillen.

D'Reaktiounen nom Match

De Resumé vum Lëtzebuerger Match

Déi éischt Chance am Match haten no knapp 10 Minutten d'Katarer, ma de Ball ass hei iwwert de Gol gaangen. Fir Opreegung am Stadion huet awer eng Zeen no 13. Minutte gesuergt, wéi de Muratovic am 16 Meter gefall ass. De belschen Arbitter awer huet d'Anhake vum Lëtzebuerger Stiermer beim katareschen Defenseur net als Foul gewäert. No 20 Minutten hat et bal am Gol vum Katar gerabbelt, wéi en Defenseur eng Flank vum Borges Sanches un de Potto deviéiert hat, aus dem zweete Ball ass näischt ginn. D'Lëtzebuerger sinn du méi geféierlech ginn an hate kuerz dono direkt eng dräifach Chance. Ma zwee Mol huet en Defenseur in extremis gerett an eng Kéier war de Golkipp op der Plaz. De Borges Sanches, dee scho bal de Selbstgol preparéiert hat, huet an der 31. Minutt dunn dierfe jubelen. De Muratovic hat d'A fir de besser placéierte Matspiller an de jonken Offensivmann huet dem Golkipp am 1 géint 1 keng Chance gelooss. D'Ekipp aus dem Katar gouf dono awer nees méi geféierlech. An der 40. Minutt hu si nach iwwert de Gol geschoss, ma 2 Minutte méi spéit huet den Elamin et mat enger Eenzelaktioun besser gemaach an aus dem spatze Wénkel vu lénks markéiert. Mat deem Score ass et och an d'Paus gaangen.

Lëtzebuerg-Katar: Highlights vun der 1. Hallschent
Mat engem 1:1 ass et am Stade de Luxembourg an dësem Frëndschaftsspill an d'Paus gaangen.

Nom Säitewiessel huet déi éischt Chance de Gäscht gehéiert, ma nees huet d'Prezisioun am Ofschloss gefeelt. Och knapp dolaanscht goung e Schoss vum Jans an der 65. Minutt. Den Defenseur war opgeréckelt an hat en ofgeblockte Ball virun d'Féiss kritt. Ganzer 6 Mol hat de Luc Holtz an den zweete 45 Minutten gewiesselt, ma vill Zielbares ass dobäi net erauskomm. Déi beschte Chance hat an der 68. Minutt de Katar, nodeem si no enger e bëssi glécklecher Defenseaarbecht e Konter lancéiert haten. Hei hat den Almoez just nach de Moris viru sech, ma de Stiermer huet d'Nerven net behalen a säi Schoss goung laanscht de Gol. Esou ass et bei dësem 1:1 bliwwen, deen de Chancen no zwar net onverdéngt war, ma d'Lëtzebuerger hätte méi kéinten aus hirem Plus u Ballbesëtz maachen, grad an der éischter Hallschent.

Lëtzebuerg-Katar: Highlights vun der 2. Hallschent
Et sollt an den zweete 45 Minutte kee weidere Gol falen.

M-Block Fanatics 95 protestéieren: Boycott WM2022

RTL

Virum Stadion, am Stadion awer och an de soziale Medien hunn d'Supporter aus dem M-Block hir Positioun zu der WM am Katar an de Mënscherechter, wéi se do applizéiert ginn, kloer gemaach.

RTL