D'Däne konnten hire sechste Match um Stéck an der Qualifikatioun gewannen a sinn um gudde Wee, fir sech fir d'WM ze qualifizéieren.

Um Dënschdeg waren dann och déi Rout Léiwen, esou wéi déi aner Länner aus hirer Grupp A am Asaz. Fannt hei all d'Resultater.

Grupp D

Frankräich - Finnland 2:0
1:0 Griezmann (25'), 2:0 Griezmann (54')

Bosnien-Herzegowina - Kasachstan 2:2
0:1 Quat (52'), 1:1 Pjanic (71',p), 2:1 Menalo (86'), 2:2 Zaynutdinov (90'+5)

An der Tabell steet Frankräich elo mat 12 Punkten aus 6 Matcher un der Spëtzt. 5 Punkten hunn aktuell d'Ukrain a Finnland, déi awer just 5 respektiv 4 Matcher gespillt hunn. Änlech Situatioun bei Bosnien-Herzegownia a Kasachstan, déi béid 3 Punkten hunn.

Grupp F

Dänemark - Israel 5:0
1:0 Poulsen (28'), 2:0 Kjäer (31'), 3:0 Skov Olsen (41'), 4:0 Delaney (58'), 5:0 Cornelisu (90'+1)

13 Minutten hunn d'Däne gebraucht, fir am Topmatch vun der Grupp F den Deckel dropzemaachen. Poulsen, Kjaer a Skov Olsen hunn no zwou Virlage vum Damsgaard an enger vum Wass tëscht der 28. an der 41. Minutt fir hir Faarwen alles kloer gemaach. Den Delany konnt no enger knapper Stonn esouguer nach op 4:0 erhéijen. Hei war et dem Wass seng zweet Virlag. De 5:0 huet de Cornelius, dee kuerz virdrun agewiesselt gouf, an der Nospillzäit markéiert.

Éisträich - Schottland 0:1
0:1 Dykes (30')

Färöer Inselen - Moldawien 2:1
1:0 Olsen (68'), 2:0 Vatnsdal (72'), 2:1 Milinceanu (84')

Nach keng Néierlag gouf et bei den Dänen, déi 18 Punkten aus 6 Matcher hunn. Op Plaz zwee stinn elo d'Schotte mat 11 Punkten, Israel ass ee Punkt dohannert. Éisträich huet aktuell 7 Punkten, d'Färöer Inselen der 4 a Moldawien 1.

Grupp G

Holland - Tierkei 6:1
1:0 Klaassen (1'), 2:0 Depay (16'), 3:0 Depay (38',p), 4:0 Depay (54'), 5:0 Til (80'), 6:0 Malen (90'), 6:1 Ünder (90'+2)

Et war de Spëtzematch an dëser Grupp. Den éischten Tierkei ass bei den zweeten Holland gereest a béid hunn ee Punkt getrennt. Scho vun Ufank un hunn d'Hollänner gewisen, datt si hei d'Féierung am Grupp iwwerhuele wëllen, dat a Persona vum Klaassen. Mat der éischter Chance an der éischter Minutt huet de Mëttelfeldspiller eng Pass vum Depay konnten notzen, fir seng Faarwen a Féierung ze bréngen. Iwwerhaapt sollt dës de Match vum Depay ginn, well no senger Virlag konnt de Stiermer vum FC Barcelona nach weider 3 Mol selwer markéieren. Déi éischt Virlag koum, wéi sollt et anescht sinn, vum Klaassen. Fir d'Tierkei gouf d'Situatioun kuerz virun der Paus, scho beim Stand vum 3:0, nach méi schwéier, well de Söyüncü huet an der 44. Minutt seng zweet giel Kaart gesinn an ass vum Terrain geflunn. An der 80. Minutt huet et erëm am Gol vun den Tierke gerabbelt, ma mam Til stoung emol en anere Numm op der Tafel mam Butteur. An der 90. Minutt huet de Malen dunn op 6:0 erhéicht ma den Ünder konnt am Géigenzuch e bësse Resultat-Kosmetik bedreiwen an huet den 1:6 markéiert.

Norwegen - Gibraltar 5:1
1:0 Thorstvedt (23'), 2:0 Haaland (27'), 3:0 Haaland (39'), 3:1 Styche (43'), 4:1 Sorloth (59'), 5:1 Haaland (90'+1)

Montenegro - Lettland 0:0

Zimmlech spektakulär hu sech d'Hollänner un d'Spëtzt vun der Grupp G katapultéiert. Grad wéi och d'Norweger hu si 13 Punkten aus 6 Matcher. Dohannert kommen d'Tierke mat 11 Punkten a Montenegro mat 8. 5 huet Lettland der um Compte a Gibraltar konnt nach kee sammelen.

Grupp H

Kroatien - Slowenien 3:0
1:0 Löivaja (33'), 2:0 Pasalic (66'), 3:0 Vlasic (90'+4)

Slowakei - Zypern 2:0
1:0 Schranz (55'), 2:0 Koscelnik (78')

Russland - Malta 2:0
1:0 Smolov (10'), 2:0 Bakaev (84')

Kroatien a Russland sti mat 13 Punkten un der Spëtzt no 6 Matcher am Grupp H. Dohannert kommen d'Slowakei mat 9 Punkten a Slowenien mat 7. Um Wupp sti Malta an Zypern, déi allebéid 4 Punkten hunn.