D'Lëtz Mile ass déi lescht Course vum Charel Grethen
E Samschdeg am spéiden Nomëtteg geet d'Karriär vum Mëttelstreckeleefer op en Enn.
Domat hänkt ee vun deene gréisste Lëtzebuerger Liichtathleten aus de leschte Joren d’Lafschung un de berüümten Nol. Lët’z Mile, déi vu sengem Veräin CSL organiséiert gëtt, steet dowéinst och ganz am Zeeche vum Charel Grethen.
No knapp 17 Joer Kompetitioun op héijem Niveau hält d'Aushängeschëld vum CSL elo op. Begräife kann den 33 Joer ale Liichtathlet et nach net, dass e Samschden am Nomëtten déi leschte Kéier d'Lafschong ugedoe ginn, ier da Schluss mam Héichleeschtungssport ass.
"Esou richteg realiséiert hunn ech et nach net. Dat wäert awer an deenen nächste Wochen nach kommen. Fir op der Avenue de la Liberté déi lescht Course ze lafen, wäert och ganz speziell sinn. Ech sinn och dankbar, fir esou eng Kuliss ze kréien."
Wann een d'Karriär vum Charel Grethen Revue passéiere léisst, stécht e groussen Exploit eraus. Bei den Olympesche Spiller 2021 zu Tokio a Japan hat sech den Athlet vum CSL wärend der Pandemie fir d'Finall iwwer 1500 Meter qualifizéiert.
"Tokio war wierklech déi Course an och déi Performance, déi a menger Karriär erausstécht. D'Biller wäerten éiweg a mengem Kapp ofgespäichert sinn. Et ass natierlech schued, dass ob esou enger Bün keng Zuschauer waren. Et huet een och gemierkt, bei den Olympesche Spiller d'lescht Joer zu Paräis, wéi eng Stëmmung do opkomme kann. Trotzdeem war et fir mech e ganz spezielle Moment."
Den CSL ass houfreg, dass de Veräin de Sportler vum Joer 2021 mat enger leschter Course nach emol éiere kann. De Comité huet sech dofir eppes Besonnesches afale gelooss.
De President vum CSL Xavier Thillen: "Fir de Charel hu mir um Enn vun der Course d'Lëtz Mile, also déi lescht Mile. Dat gëtt e VIP-Tour fir de Charel, wou all seng Frënn, déi Leit, déi him wichteg sinn, seng Partner, Sponsoren an d’Institutioune matlafen. Zum Beispill de COSL-President Raymond Conzemius ass mat dobäi. Dat gëtt bestëmmt e flotte Moment fir de Charel ze feieren."
De Parcours vun der Lëtz Mile verleeft iwwer 1.609 Meter iwwer d’Avenue de la Liberté. Et ass eng perfekte Kuliss, fir den Ofschloss vun enger grousser Karriär ze feieren.