International Schifederatioun test an Zukunft d'Geschlecht

De FIS-President Johan Eliasch / © JOHANN GRODER / APA / AFP
Trotz der Kritik un der internationaler Box- a Liichtathletikfederatioun wéinst de Geschlechtstester, geet d'FIS elo op den nämmlechte Wee.
Vun dëser Saison u mussen d'Frae bei FIS-Competitiounen, ier se un den Depart duerfe goen, ee Geschlechtstest maachen. Just wann de sougenannte SRY-Gentest ("Sex-determining Region Y") d'weiblecht Geschlecht bestätegt huet, dierf ee starten. D'SRY-Gen befënnt sech um Y-Chromosom an ass fir d'Entwécklung vun de männleche Geschlechtsmierkmoler verantwortlech. Am Prinzip kann ee dësen Test einfach mat engem Ofstréch um Bak oder enger Bluttprouf maachen.
Nieft elo dem Schisport ginn et dës Tester schonns an der Liichtathletik an am Boxen, se sinn allerdéngs net wierklech beléift a stoussen ëmmer nees ëffentlech Diskussiounen un. 2024 wärend Olympia zu Paräis stoung d'Olympiagewënnerin am Boxen Imane Khelif duerch dës Tester zum Beispill am Zentrum vun enger intensiver Geschlechterdebatt an ass souguer virun den internationale Sportgeriichtshaff Cas getrueden.
De FIS-President Johan Eliasch erkläert d'Decisioun domat, datt een de Fraesport schütze misst. Hie preziséiert: "Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt et nëmmen ee fairen a transparente Wee gëtt, an zwar andeem mir ons op biologesch a wëssenschaftlech Fakte baséieren." Ob dës Tester am Schisport besser ugeholl gi wéi bei der Liichtathletik a beim Boxe wäert d'Zukunft weisen.