AXA League an der RTL Live Arena
Esch - Diddeleng vun 19.55 Auer un am kommentéierte Livestream
De Weekend steet am nationalen Handball-Championnat de 4. Spilldag bei den Dammen an den Hären um Programm.
Bei den Dammen hat gëschter Owend schonn de Museldall mat 28:30 géint Déifferdeng de Kierze gezunn. Haut spillen um 18 Auer de Standard géint Käerjeng an Esch géint Diddeleng.
Bei den Häre sinn alleguer d'Matcher um 20.15 Auer. D'Partie Esch géint Diddeleng kënnt Dir am kommentéierte Livestream kucken. Déi weider Matcher vun den Hären, wéi och déi vun den Damme ginn och an der RTL Live Arena gewisen.
Livestream vu weidere Matcher aus der Axa League an der RTL Live Arena
Am meeschte gelies