Et ass eng Handvoll Karting-Enthusiasten zu Lëtzebuerg, déi gezwonge sinn, an d'Ausland ze goen, fir u Courssen deelzehuelen.

Mat 115 Stonnekilometer geet et bannent 35 Sekonnen iwwer déi 867 Meter laang Pist, déi d'Enthusiasten awer mat deene Leit mussen deelen, déi sech e Kart gelount hunn, fir de Sport auszeprobéieren, déi sougenannt Sonndesfuerer. Mat 60 Stonnekilometer sinn déi wesentlech méi lues ënnerwee a brauche beschtefalls 55 Sekonnen. 
 
Zanter 51 Joer gëtt et d'Pist zu Monnerech a war fir e puer Legenden am Motorsport de Startschoss an hir Karriär, dorënner och de Michael Schumacher an de Jarno Trulli. De Michael Schumacher war an Däitschland nämlech ze jonk, krut hei zu Lëtzebuerg seng Lizenz an huet reegelméisseg zu Monnerech trainéiert.

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Courssen, dofir sinn d'Karting-Piloten am Ausland - haaptsächlech an der Belsch, Frankräich, an Däitschland - ënnerwee.