Enovos League an der RTL Live Arena
Conter vs. Diddeleng um 18.00 Auer am Livestream
De leschte Weekend ass de Basket zu Lëtzebuerg an déi nei Saison vum Championnat gestart.
Um 2. Spilldag kritt et den Owend um 18 Auer Conter mat Diddeleng ze dinn. Béid Veräiner haten de leschte Weekend hir Matcher souverän gewonnen. Conter hat 89:73 geklappt an Diddeleng war der Sparta 85:60 iwwerleeën.
Bei den Häre gëtt den Owend och gespillt. Ënner anerem kritt d'Sparta et mat der Etzella ze dinn.
D'Matcher vun den Dammen an Häre ginn alleguer an der RTL Live Arena iwwerdroen.
De Livestream vu weidere Matcher aus der Enovos League an der RTL Live Arena
Am meeschte gelies