Wisou hieft d'CIA d'Brigade Mobile ervir?
Am Rapport vun der CIA, dee rezent publizéiert gouf, gëtt et en extra, klenge Passage iwwer d'Brigade Mobile vun der Gendarmerie.
Den nei opgedauchte CIA-Rapport iwwer d'Bommeleeër beschäftegt sech och mat de Lëtzebuerger Forces de l'Ordre a méi speziell och mat der Brigade Mobile vun der Gendarmerie. Déi Brigade war jo deemools eréischt 6 Joer al a bis virun zwee Joer stoungen zwee vun hire Memberen als Bommeleeër viru Geriicht.
Et sinn nëmmen 15 kuerz Zeilen, dee Passage am CIA-Rapport iwwer d'Brigade Mobile vun der Gendarmerie. Mä se si ganz interessant, net well eppes Besonnesches dra steet, mä well d'Brigade Mobile iwwerhaapt extra ernimmt gëtt. Se gëtt erausgehuewen aus der Force Publique, déi och am grousse Ganze presentéiert gëtt. Do steet, d'Gendarmerie hätt 500 Mann, de Geheimdéngscht hätt e klenge Grupp vun 29 Leit a vun de 500 Mann Militär hätten der eng 100 bei Iwwerwaachungen a Saache Bommeleeër gehollef.
Firwat also eng extra Artikel iwwer d'Brigade Mobile? Ebe well si d' "counterterrorism organization" wier, ouni datt se awer bis ewell eeschtlech gepréift gi wier. Steet do. Obschonns der CIA-Zielung no grad 14 Bommen explodéiert waren.
Soit.
An ënne lénks op derselwechter Rapport-Säit stinn déi entretemps faméis Zeilen, datt déi Lëtzebuerger Terroriste wahrscheinlech extensive Bommen-Training vu Police a Militär kritt haten. Wann een eng Linn gezunn hätt tëschent deenen zwee Texter an, zum Beispill un de Jos Steil geduecht hätt, da wiere potentiell Täter séier ermëttelt gewiescht.
RTL.lu: Bommeleeër-Affär: CIA Feb. 1986: Bommeleeër vu Militär oder Police trainéiert
Re-soit.
Mä firwat iwwerhaapt den Artikelchen iwwer d'Brigade Mobile? De Procureur Georges Oswald seet, well eben déi speziell Brigade fir d'Bekämpfe vum Terrorismus zoustänneg ass. An dat ass eben d'Brigade Mobile gewiescht. Dat kann een esou liesen. Wann een awer wëll, kann een och do liesen, datt et am Zesummenhang steet mat deenen Auteure vun de Faiten, déi eng militäresch oder polizeilech Ausbildung haten. Ma fir de Georges Oswald ass et awer nach ze fréi, fir esou eng Interpretatioun.
Den Text iwwer d'Brigade Mobile kéint also en diskreten Tuyau sinn, emol méi genee op déi ze kucken. Et kéint och eng neutral Presentatioun sinn oder awer esouguer e Reklamm-Text fir d'Brigade Mobile. An alt erëm wier et interessant ze wëssen, wien den Amerikaner deen Text geflüstert huet.
RTL.lu: Bommeleeër-Affär: Wien huet d'CIA informéiert?
Och eng aner Plaz am Rapport weist, ganz diskret, op Gendarmerie-Kreesser als Täter. Et ass de Passage iwwer d'Bomm vum Sommet.
D''Täter ginn ëmmer méi keng a se si capabel zouzeschloen, esouguer wann d'Sécherheetsmesure massiv sinn. Do leeft en décke Sous-Entendu mat. D'Bommeleeër si beschtens informéiert an am Fong riskéiere se näischt. Fir de Bon Entendeur alt erëm eng Opfuerderung, an de Forces de l'Ordre no den Täter ze sichen. Eng Opfuerderung vum 10. Februar 1986, virun den zwou leschte Bommen.