D'Lëscht mat allen Nominéierten
                    © Roland Miny pressphoto.rtl.lu
De 4. Dezember ginn op der Awards Night d'Lëtzebuerger Sportlerin, de Sportler, den Trainer an d'Ekipp vum Joer geéiert. Wien ass alles nominéiert?
D'Successeure vu Patrizia van der Weken, Tom Habscheid, Arnaud Starck an der Damme-Basketnationalekipp si gesicht. 76 Journalisten a Fotografe vun der Lëtzebuerger Sportspress sichen dës Kéier rëm d'Sportler vum Joer. De 4. Dezember wäerten d'Laureaten zu Munneref am Casino ausgezeechent ginn. 15 Hären, 12 Dammen, 7 Ekippen a 5 Trainer si virgeschloen. D'Gewënner vun de Sonner-Präisser sti scho fest.
Déi 15 Nominéiert fir d'Trophée du Meilleur Sportif: 
• Bettendorf Victor (Sprangreiden)
• Barreiro Leandro (Futtball)
• Daleiden Ralph (Schwammen)
• Grethen Charel (Liichtathletik)
• Geniets Kevin (Vëlossport)
• Jungels Bob (Vëlossport)
• Kockelmann Mathieu (Vëlossport)
• Moris Anthony (Futtball)
• Munster Grégoire (Motorsport)
• Pereira Dylan (Motorsport)
• Querinjean Ruben (Liichtathletik)
• Rodesch Chris (Tennis)
• Seywert Gilles (Bouschéissen)
• Sinani Danel (Futtball)
• Wagner Ehlinger Nicolas (Dressurreiden)
Déi 12 Nominéiert fir d'Trophée de la Meilleure Sportive:
• Bertemes Vera (Liichtathletik)
• Daniëls Eva (Triathlon)
• Klein-Shkolna Mariya (Bouschéissen)
• Lehair Jeanne (Triathlon)
• Meynadier Magaly (Basketball)
• Miller Laura (Fussball)
• Mordenti Céleste (Konschtturnen)
• Skarsoe Fie Christine (Dressurreiden)
• Schreiber Marie (Vëlossport)
• Simon Anne (Basketball)
• Van der Weken Patrizia (Liichtathletik)
• Warling Jenny (Karate)
Déi 7 Nominéiert fir den Challenge de la Meilleure Équipe:
• Nationalekipp Dammen Basketball
• Nationalekipp Dammen Futtball
• HB Diddeleng Hären Handball
• Nationalekipp Hären Kicker
• Triplette-Team Hären Petanque
• Nationalekipp Hären Vëlossport
• Nationalekipp Hären Tennis
Déi 5 Nominéiert fir de Prix d’Entraîneur de l’Année:
• Drucker Jempy (Vëlossport)
• Dziurdzia Mariusz (Basketball)
• Santos Dan (Futtball)
• Starck Arnaud (Liichtathletik)
• Vandormael Thomas (Liichtathletik)
Weider Präisser:
Challenge Jeune Espoir
• Lea Tonus (Bouschéissen): Déi 18 Joer al Athletin am Compound zielt weltwäit zu de beschten Nowuesstalenter an hirer Altersklass. Ufank 2025 huet d'Lea de General vun der Indoor World Series gewonnen, inklusiv Victoirë bei de GT Open zu Lëtzebuerg an zu Nîmes.
• Enzo Duarte (Futtball): De 16 Joer ale Stammspiller an der U19 vu Borussia Dortmund huet den 10. Juni säin Debut gefeiert bei der A-Nationalekipp am Testmatch géint Irland.
Prix d’Honneur
• Petz Lahure (Sportspress.lu): Wärend 27 Joer huet de Petz Lahure de lëtzebuergesche Sportspressverband geleet, dësen an eng nei Ära gefouert an de Sportjournalismus iwwer d'Grenzen eraus gepräägt. Hie war ënnert anerem bei 15 Olympesche Spiller a ronn 40 Mol beim Tour de France dobäi. Am Juli war den Éierepresident vu sportspress.lu no kuerzer schwéierer Krankheet verscheet.
Prix Fairplay
• Luka Mladenovic (Dëschtennis): An der Bundesliga stoung de Mladenovic am entscheedende Saz géint den Tiago Apolonia kuerz virun der Victoire. Obwuel him de Matchpunkt zougesprach gi war, hat hien d'Entscheedung korrigéiert, well de Ball vu sengem Géigner d'Kant vum Dësch beréiert hat. Doduerch sollt hien net nëmmen de Set, mä och de Match verléieren. E remarkabele Gest vu Fairplay, besonnesch well seng Ekipp Grenzau géint den Ofstig gespillt huet.
Prix Ultrasport
• Jemp Moura (Trail): Beim Terra de Gigantes a Portugal hat de Moura 309 Kilometer an 10.000 Héichtemeter a knapp 65 Stonne bewältegt, fir um Enn op de 12. Plaz ze kommen.
Prix Sport et Handicap
• Liz Conzemius (Blannentennis): No hirem Weltmeeschtertitel zejoert huet si bei der EM am Oktober den Titel am Damme-Simpel gewonnen, ouni en eenzegt Spill ofzeginn. Donieft gouf et och nach Gold am Mixed, dat zesumme mam Nicolas Berodt.