Hie war vun 1992 bis 2015 de Chef vum Fonds du Logement, engem vun den zwee nationalen ëffentleche Bauträger.

Den Ingenieur-Urbanist war och Premier Conseiller am Logementsministère. 2015 gouf hie vun der deemoleger DP-Logementsministesch Maggy Nagel ofgesat, well sech béid net Eens gi sinn. Hie krut schlecht Gestioun virgeworf, wat a sengen Aen awer duerch e Rapport widderluecht gi wier.

Eng Instruktioun am Zesummenhang mat engem Immobilie-Projet gouf mat engem non-lieu klasséiert.

Den Daniel Miltgen huet déi lescht Jore reegelméisseg a Lieserbréiwer op RTL.lu an am Tageblatt d'Logementspolitik kritiséiert, besonnesch déi vun der DP, mee och vun der Stad Lëtzebuerg. Dës géingen ënner anerem de soziale Wunnengsbau bremsen a parteifrëndlech privat Promoteure favoriséieren.

Vun 2015 un a bis d'Pensioun war hien Enseignant am Lycée Josy Barthel zu Mamer.

2023 war hie Kandidat fir Fokus bei de Gemengewalen, mee huet d'Partei kuerz drop nees verlooss, well d'Partei d'Monica Semedo rekrutéiert huet.

Den Daniel Miltgen hat dräi Duechteren.

Senger Famill, eist häerzlecht Bäileed.