Fräiheet fir Stierfhëllef ze froen, gehéiert och an d'Verfassung
En Dënschdeg de Moie war d'Stierfhëllef Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Leit missten nach méi iwwert d'Euthanasie, also d'Recht op Stierfhëllef, informéiert ginn. Zu Lëtzebuerg huet een dëst Recht zanter 2009, mee vill Leit wëssen dat net. "Mir wëllen dofir informéieren a sensibiliséieren". Dat sot de Jean-Jacques Schonckert en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass President vun der Associatioun "Mäi Wëllen, mäi Wee", déi Leit op hirem leschte Wee begleet.
Zanter 2009 hunn 260 Leit eng Stierfhëllef ugefrot. 2024 waren et der 34 also 0,76 Prozent vun all de Verstuerwenen. An der Belsch läit een do bei 3,6 Prozent an an Holland bei 5,3 Prozent. Dat léich vläicht dorun, dass et do scho méi eng Kultur gëtt, fir doriwwer ze schwätzen an dass d'Leit do vläicht manner komplizéiert sinn. Zu Lëtzebuerg wier den Doud nach ëmmer een Tabu-Thema. D'Leit wéilte sech dacks net domadder ausernaner setzen, bis et dann eventuell ze spéit ass.
Stierfhëllef fir Mineuren a psychesch krank Leit méiglech maachen
D'Gesetz gesäit fir, dass een onheelbar krank- a volljäreg muss sinn, fir dierfen Euthanasie unzefroen. D'Asbl fuerdert, dass dëst Recht, wéi an der Belsch och, op Mineuren ausgedeent gëtt. Et géing ee jo ëmmer méi dacks Jugendlecher a Kanner gesinn, déi schwéier krank sinn a fuerchtbar Péng hunn. Aktuell géing een an deem Fall an d'Belsch goen. Do wieren d'Lëtzebuerger wëllkomm an et géing eng Prozedur ginn.
"Wat ass, wann ee psychesch krank ass?" Et misst een effektiv och d'Diskussioun féiere fir psychesch Krankheeten an neurodegenerativ Krankheeten an d'Gesetz mat opzehuelen, fuerdert de Jean-Jacques Schonckert. An Holland géinge se aktuell och dru schaffen, fir Euthanasie méiglech ze maachen, fir Leit déi einfach mam Liewe fäerdeg sinn. Do schwätzt ee vu "Vie accomplie". Wa Leit ee gewëssen Alter hunn a sech soen "ech hunn elo mäint gemaach".
Wéi kann ee sech op säin eegenen Doud preparéieren?
Et gëtt zwee wichteg Dokumenter, mat deenen ee seng Wënsch fir d'Enn vum Liewen ausdrécke kann, erkläert de Jean-Jacques Schonckert. 
Mat der "Disposition de fin de vie", kann ee festleeën, dass een eng Euthanasie wëll, wann ee säi Wëllen net méi selwer ausgedréckt kritt. Zum Beispill well een am Koma läit oder een Accident hat. Dat Dokument muss ee beim Gesondheetsministère, méi genee bei der "Commission nationale d'évaluation" vum Euthanasie-Gesetz hannerleeën.
Donieft gëtt et d'Patienteverfügung oder d'Directive anticipée. Mat där kann ee festleeën, wéi eng medezinesch Behandlungen ee sech wënscht, falls ee säi Wëllen net méi selwer äussere kann. Zum Beispill d'Fro: wëll een, dass d'Doktere Mesuren ergräifen, fir d'Liewen ze retten oder net? Wëll ee kënschtlech Ernierung, Beootmung oder Reanimatioun? Bei der Patienteverfügung géing et quasi duergoen, dat op ee Béierdeckel ze schreiwen.
Aktuell setzt sech d'Asbl "Mäi Wëlle, mäi Wee" dofir an, dass déi zwou Saachen einfach an engem Dokument kënne festgehale ginn an dass dat Dokument net onbedéngt muss ageschéckt ginn.
Recht op Stierfhëllef soll och an d'Verfassung kommen
"Mäi Wëllen, mäi Wee" plädéiert och dofir, d'Recht op Stierfhëllef an eis Verfassung anzeschreiwen. Rezent gouf jo decidéiert, fir d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren a bei der Euthanasie géif et eben och ëm "Auto-determination" goen, also d'Recht, mat sengem eegene Kierper maachen ze dierfen, wat ee wëll. Ee Gesetz wier séier geännert, d'Verfassung net. Et soll een natierlech och déi Schwaach schützen, déi sech vläicht net kënnen esou gutt ausdrécken, mee och si hätten e Recht drop, fir dee Wee ze goen, sou de Jurist. Am Fall wou si hei d'Recht op Euthanasie géinge refuséiert kréien, hätte si net déi néideg Suen, fir da kënnen an een net-europäescht Land ze goen, wou déi Servicer ugebuede ginn. Rieds ass vun der Schwäiz.
Effektiv géingen et ëmmer nach eng Rei Leit ginn, déi fir d'Euthanasie an d'Schwäiz fueren, obwuel et hei am Land erlaabt ass. Entweder well se net gutt informéiert sinn, oder well se sech schummen, dat hei am Land ze maachen. Genee Chifferen hätt een do net. Mee dat kéint ee sech natierlech just erlaben, wann een aus engem "bessere" Milieu ass. An der Schwäiz leet een dofir, mat Hotel a Restaurant, 8.000 bis 10.000 Euro op den Dësch, erkläert de President vun der Asbl.
Den Ëmgang mam Doud gehéiert och an de Schoulprogramm
Nieft der Fräiheet fir kënnen Euthanasie ze froen, wier "Mäi Wëlle, mäi Wee" och frou, wa si endlech een Haus hätten, wou d'Leit kéinten higoen, fir Stierfhëllef ze kréien. Et hätt ee schonn dramatesch Fäll gehat, wou d'Leit zwar all d'Konditioune vum Gesetz erfëllen, mee wou kee Spidol se wëll a wou et keng Famill méi gëtt an deementspriechend keng Plaz, wou een dat kéint maachen. Da misst d'Asbl dacks improviséieren an dat wier deels ganz dramatesch.
Donieft wier et wichteg fir d'Doktere weider ze forméieren a sensibiliséieren. Och d'Formatioun vu Schoulmeeschteren a Professere wier wichteg. Firwat soll d'Euthanasie an den Doud net an de Schoulprogramm integréiert ginn? Et gëtt e Schoulfach "ViSo - Vie et Société", wou een och iwwer den Ëmgang mam Doud kéint diskutéieren. Am Joer 2025 wier dat net ee "Must", mee e Minimum dee misst gemaach ginn, sou de President vu "Mäi Wëlle, mäi Wee".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.