No e puer kräftege Reeschaueren koum et e Samschdeg an der tierkescher Haaptstad Ankara zu uergen Iwwerschwemmungen.

Op Telésbiller gesäit een, wéi Leit an Autoen vum Waasser reegelrecht mat ewechgerappt ginn. Sechs Persoune si blesséiert ginn an iwwer 160 goufe vun de Waassermasse mat ewech gespullt.