Och wann d'Verhandlungen ëm e Google-Datenzenter an der Gemeng Biissen unhalen, ass d'Regierung optimistesch, dass de Projet wäert zustane kommen.

D'lescht Woch huet den amerikaneschen Tech-Gigant Google säi bis elo gréissten Investitiounsprogramm an Däitschland virgestallt.

5,5 Milliarden Euro bis 2029. An de Woche virdrun hat Google schonn änlech Investissementer annoncéiert. 5 Milliarden Euro an der Belsch a 5,6 Milliarden Euro a Groussbritannien. Riseg Zommen, déi der lokaler Wirtschaft zegutt kommen, awer och den europäesche Kontinent generell stäerken, wat Kënschtlech Intelligenz a Cloud-Capacitéiten ubelaangt. Massiv Investissementer, déi awer och d'Fro opwerfen, op den Tech-Gigant nach intresséiert ass, deen zanter elo ëmmerhi schonn aacht Joer geplangten Datenzenter hei am Land, zu Biissen, ze bauen.

Grouss Investissementer a Groussbritannien, der Belsch an Däitschland

Am Kader vun der Presentatioun d'lescht Woch huet den däitsche Finanzminister Lars Klingbeil zu Berlin vun engem ganz wichtege Signal geschwat, wat weise géif, datt Däitschland en High-Tech-Standuert ass. Google géif an zukünfteg Aarbechtsplazen inverséieren.

"Der volkswirtschaftliche Multiplikatoreffekt dieser Investition wird beträchtlich sein. Wir gehen davon aus, dass unsere Investitionen insgesamt jedes Jahr etwa 9.000 Arbeitsplätze in Deutschland sichern wird", sou de Philipp Justus, Chef vu Google Däitschland a Vizepresident vu Google Zentraleuropa.

Änlech Téin kommen aus der Belsch, wou Google säi Standuert vu Saint-Ghislain weider ausbaut. Rieds geet hei vun engem Impakt vun 1,5 Milliarden d'Joer op de Belsche PIB.
 
An de Projet zu Biissen? Déi 33,7 Hektar, déi den Tech-Gigant Enn 2017 zu Biissen kaf huet, leie weider brooch - nach. Den Zoufall wëll, dat de Premier Luc Frieden grad d'lescht Woch a Kalifornien ënner anere Responsabel vu Google getraff huet. Op Nofro hin heescht et aus dem Staatsministere, den Inhalt wier vertraulech. Aus dem Wirtschaftsministère heescht et iwwerdeems: "D’Regierung bleift zouversiichtlech, datt e Projet fir en Datenzenter zu Biissen kéint Realitéit ginn."

E Gefill, wat de Buergermeeschter vu Biissen David Viaggi deelt: "Ech mengen net, dass de Projet dout ass, well mer nach aktuell hei als Verwaltung mat Leit vu Google an Entourage a Verbindung sinn." Wat heescht dat Konkreet?
 
D'Etüd iwwer den Impakt op d'Ëmwelt wier esouwäit ofgeschloss. An am Summer, Mëtt August, huet Google eng Baugeneemegung ugefrot. Also Konkretes, wat den David Viaggi esou kommentéiert:

"Dass et ons wichteg war, eeben dësen Datenzenter ze hunn zu Biissen. Well mer der Meenung sinn, dass et ons an och dem Land schonn eppes ka bréngen. Dass mer e brauchen, mee datt mer et net à tout prix maachen. An ech mengen haut, wann ech kucke wat se elo ufroe bei ons, mir hunn et nach net autoriséiert, mee wat mer ugefrot kréien, si mer a ganz räsonabele Baunormen. Mir hunn e Gebai, dat net méi héich ass wéi déi Gebaier, déi elo an der Zone industriell stinn. Et ass wuel vun der Fläch hier méi grouss, mee et ass jo och vill méi groussen Terrain, deen zréckbehale ginn ass."

Vu Waasser op Loft, fir ze killen

Google hätt de Projet, tëscht éischte Skizzen an haut, vun XXL op L zeréckgeschrauft. Dee geplangten Datenzenter géif zum Beispill manner héich wéi d'Parkhaus vum 'Automobility Campus'. Google plangt och en administratiivt Gebai. Wat d'Technologie ubelaangt, sou gëtt et do och, eng däitlech Evolutioun.

"Mir wëssen haut, dass et Stand haut, wou mir saiséiert ginn, net méi mat Waasser gekillt géif ginn, mee mat Loft gekillt gëtt. An Hëtzt, Hëtzt, déi produzéiert gëtt, do lafe Gespréicher, éischt Analyse fir ze kucken, wéi kéinte mer dës Hëtzt weider benotzen, well mer do och warscheinlech eng Mise à disposition kriten", sou den David Viaggi.

Hei si kloer Parallelle mat de Projeten z'erkennen, déi den Tech-Gigant d'lescht Woch an Däitschland virgestallt huet.
D’Marianne Janik, Vizepresidentin vu Google Cloud Nordeuropa erkläert: "An beiden Standorten setzen wir auf nachhaltige Entwicklung und setzen damit ganz neue Maßstäbe. Wir starten nämlich Googles erstes Wärmerückgewinnungsprojekt in Deutschland. Nach Fertigstellung, werden wir erstmals die im Rechenzentrum entstehende Wärme mehr als 2.000 lokalen Haushalten zur Verfügung stellen."

Nach ass de Projet "Google Bissen" net an dréchenen Dicher. Ma villes gëtt lues a lues méi konkreet. Um Pabeier. An iert iwwerhaapt d'Bagger rulle kënnen, muss och déi néideg Infrastruktur gebaut ginn. Dozou gehéiert den Ëmbau vun der N7 an eng nei Strooss op der Héicht vun der Entreprise Baatz.

"Dat si Ponts et chaussées, déi déi muss ausschreiwen. Ech hu rezent gesot kritt, dass se ganz no dru wieren, fir auszeschreiwen. Ech wëll net all Kéiers do mam béise Fanger wénken, mee, bon, mir brauche se onbedéngt", sou de Biissener Buergermeeschter. Infrastruktur-Aarbechten, déi grad sou vill Zäit an Usproch huele géifen, wéi Google fir de Bau vum Datenzenter arechent.