Un enger Lann beim Park vum Beetebuerger Schlass hänkt en Nascht mat asiatesche Runnen, dat do soll verschwannen.

Viru ronn dräi Woche gouf en Nascht mat asiatesche Runnen un engem Bam, méi genee enger Lann, am Park zu Beetebuerg entdeckt. Dëse Bam steet net wäit ewech vun der Gemeng, an zanter datt d'Blieder vum Bam erofgefall sinn, huet een eng gutt Vue op d'Nascht, dat op enger Héicht vu 24 Meter hänkt.

"Mir hunn dräi Droneniwwerfléiunge gemaach, fir ze kucken, ob nach Liewen am Nascht ass. Um Méindegmoien hu mir eng Firma fonnt, déi eis hëllefe kann", sou d'Josée Lorsché, Schäffin an der Gemeng Beetebuerg. "Mir haten och elo e Spezialist op der Plaz, dee sech mat asiatesche Runnen auskennt."

D'nächst Woch kéint déi spezialiséiert Firma op d'Plaz kommen, fir d'Nascht vum Bam ze huelen. 

Josée Lorsché
Schäffin an der Gemeng Beetebuerg

D'Déiere wären den Ament nach aktiv, et géif awer keng Gefor fir d'Leit bestoen, déi elo nach do laanscht spadséieren.