Awunner beschwéiere sech iwwer illegalen Duerchgangsverkéier
D’Awunner aus der Gemeng Dippech hunn ës sat. De Verkéiersproblem an hiren Uertschafte wier net méi ze erdroen.
An de Spëtzestonne géif et op den Haaptachse ronderëm de Rond-point zu Dippech, do wou d’Nationalstroossen N13 an d’N5 zesummekommen, ëmmer extreem stauen. An dat géif mat sech bréngen, datt d’Automobilisten Ofkierzungen huelen an onerlaabt duerch bewunnte Quartiere fueren, fir Zäit ze gewannen.
Eng vun de betraffene Stroossen ass d’Rue du Cimetière zu Dippech. Obwuel däitlech geschëldert ass, dass hei just Awunner dierfen eran- an erausfueren, gëtt sech net dru gehalen. Der Biergerinitiativ vun der Gemeng Dippech no, gi bannent enger Stonn alt mol eng 230 Gefierer gezielt, déi zum Deel souguer duerch de Wunnquartier rennen.
Dat hätt net just en negativen Afloss op d’Liewensqualitéit vun de betraffene Bierger, mee et wier och geféierlech. Awunner mat Kanner maache sech Suergen ëm d’Sécherheet, anerer beschwéiere sech iwwert de Kaméidi a well se nëmme schwéier aus den Afaarten erauskommen.
D’Police mécht zwar ëmmer nees Kontrollen op der Plaz a verdeelt Protokoller. Mee d’Ofschrecken an d’Verkéiersberouegung géifen ni laang unhalen, heescht et vun de Leit aus der Kierfechtstrooss. Doriwwer eraus wieren nach aner Niewestroosse vum illegalen Duerchgangsverkéier betraff.
De Contournement vun Dippech-Gare, dee Mëtt Dezember offiziell opgeet, an de Contournement vu Käerjeng, deen -wann e wéi elo geplangt - soll ëmgesat ginn, géifen d’Situatioun zu Dippech nach verschlechteren, mengt de Sven Schaul vun der Dippecher Biergerinitiativ, déi och eng politesch Partei ass. Déi zwee Männer am Reportage sinn am Dippecher Gemengerot.
Konkret Léisunge wieren dofir néideg. Dofir huet d’Biergerinitiativ eng Petitioun lancéiert an eng Entrevue bei der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes ugefrot. D’Regierung misst hei reagéieren a mat enger laangfristeger Léisung op d’Uleies vun den Awunner aus der Gemeng Dippech agoen. Esou kéint et op alle Fall net weidergoen.