England
Fëmmen am Auto mat Kanner gëtt an Zukunft bestrooft

© AFP
England huet en neit Fëmmverbuet. Wa Kanner an engem Auto sinn, däerf net méi dra gefëmmt ginn.
Souwuel de Chauffer, wéi och de Fëmmert kënne bestrooft ginn a musse mat enger Strof vun ëmgerechent 68 Euro rechnen.
Dat neit Verbuet gëllt och a Wales.
D'Police wëll an enger éischter Phase manner strofen, mä méi sensibiliséieren an erklären. Kanner misste virum schiedlechen Zigarettendamp geschützt ginn.
Am meeschte gelies