Op der Konstitutiounsplaz war et e Samschdeg faarweg a musikalesch um Pride Family Day.

Ënner der Gëlle Fra war e Samschdeg déi éischt Editioun vum Pride Family Day. Eng faarweg, inklusiv a virun allem frëndlech Ambiance - extra fir Famillje mat gläichgeschlechtlechen Elteren an hirem Entourage, erkläert d'Ophélie Charaux, d'Organisatrice vum Event a Member vum Centre LGBTIQ+ CIGALE:

"Mir wollten e Raum schafen, wou all Famill, egal wéi se ausgesäit, sech wuel fillt a gesäit, datt se net eleng ass. Famille mat gläichgeschlechtlechen Eltere begéine sech am Alldag éischter rar."

Et gouf vill ze entdecken: vun Atelieren a Spiller fir d'Kanner, iwwer Well-being Aktivitéite bis hin zu Diskussiounsronnen iwwer d'Realitéite vum LGBTQI+-Eltere-sinn.

"Mir hunn eis Kanner kritt, virun datt d'Gesetz rauskoum, datt een huet Kanner dierfen adoptéieren", esou d'Zivana Krusic. Si ass zanter 14 Joer Mamm. "Déi éischt véier Joer ware schwéier, well legal ass just ee vun deenen zwee Elterendeeler d'Mamm. Haut ass dat och nach ëmmer net esou einfach. Et dauert e puer Méint an et ass en onkomfortabele Moment. An och fir d'Kanner, et muss een hinne villes ëmmer nees erklären."

Zu Lëtzebuerg liewen dem Statec no iwwer 3.300 Persounen an enger gläichgeschlechtlecher Relatioun. Zanter 2015 ass d'Bestietnis an déi gemeinsam Adoptioun fir d'Kopple méiglech. Dëst Joer gouf iwwerdeems d'Adoptiounsrecht weider liberaliséiert.

Am Alldag bleift et awer heiansdo eng Erausfuerderung. Administrativ Hürden, Virurteeler oder einfach d'Gefill, net ëmmer gesinn, respektiv verstanen ze ginn. Genau dës Theme sinn e Samschdeg ënner der Gëlle Fra ugeschwat ginn.

"De System fir d'Affiliatioun zum Beispill", bedauert d'Ophélie Charaux. "Et muss een haut nach iwwer d'Adoptioun goen. A Länner ewéi Frankräich gëtt et e System, deen et béiden Elterendeeler erlaabt, direkt unerkannt ze gi virun der Gebuert vun de Kanner. Dat ass ee Beispill vu villen. Et feelen och nach vill Informatiounen an de Schoulen. Zum Beispill ronderëm de Pappen- a Mammendag. Do fille sech vill Kanner, déi gläichgeschlechtlech Elteren hunn, net onbedéngt encadréiert."

De Pride Family Day soll vun elo un all Joer eng Plattform bidden, fir sech ze begéinen, ze feieren an ze weisen: Famill ass Famill, egal a wéi enger Form.