An enger Sprengstoff-Fabrick an den USA ass et zu enger massiver Explosioun komm

© BRETT CARLSEN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
Am amerikanesche Bundesstaat Tennessee gouf eng Fabrick fir Sprengstoff duerch eng enorm Explosioun komplett zerstéiert.
De Sheriff vun Humphreys County, wou d'Fabrick stoung, huet an enger éischter Reaktioun no der Katastroph géigeniwwer Journaliste vun 19 Vermëssten a villen Doudesaffer geschwat. Et ass allerdéngs net kloer, ob d'Doudesaffer bei den 19 Vermësste Persoune scho matgezielt sinn oder, ob dee Chiffer nach wäert separat matgedeelt ginn.
An der Fabrick vun der Firma "Accurate Energetic" goufe verschidden Zorte vu Sprengstoff produzéiert, ënner anerem och fir den US-Militär. Den Ausléiser vun der Explosioun ass den Ament nach net gewosst, Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, un där och déi federal amerikanesch Police FBI bedeelegt ass.
Vun der Fabrick wier no der Explosioun näischt méi iwwereg, sou nach de Sheriff op d'Fro vun de Journalisten nom Zoustand vum Gebai.