D'Venezuelanerin gëtt geéiert fir hiren onermiddlechen Asaz fir d’demokratesch Rechter vum venezuelanesche Vollek.

De Friddensnobelpräis geet dëst Joer an de Venezuela, méi genee un d'María Corina Machado, déi 1967 zu Caracas gebuer gouf. D'Politikerin gëtt fir hiren Asaz fir d'Demokratie an d'Biergerrechter an hirer Heemecht ausgezeechent, mä och fir hire Courage, well däers muss een hunn, wann ee sech am Venezuela géint d'Regierung Chavez gestäipt huet.

Ënnert anerem gouf et dann och am Joer 2011 eng Attack op d'Madamm Machado, wou et och Blesséierter bei hire Supporter goufen.

D'María Corina Machada gouf ëmmer nees politesch oppreséiert, sief et andeems si hir parlamentaresch Immunitéit ewechgeholl krut, well si wéinst "trahison" ugeklot gouf oder well en Ausrees-Verbuet géint d'Fra geschwat gouf.
 
D'Regime-Kritikerin huet 2016 d'Regierung am Venezuela als mafiéis a grausam Militärdiktatur bezeechent.
 
Zejoert gouf hir verbueden un de Presidentiellen deelzehuelen, déi si wuel haut la main gewonnen hätt.
 
D'María Corina Machado krut ewell zejoert de Sacharow- an de Vaclav Havel Mënscherechtspräis fir hiert couragéiert Antriede fir Demokratie a Biergerrechter am Venezuela. Ee Land, dat an der Suite vum Chavez zanter enger Dose Joer mat haarder Hand vum Nicolas Maduro gefouert gëtt, ee President deem d'UNO Verbrieche géint d'Mënschlechkeet reprochéieren.

RTL

© AFP

Domat geet de Friddensnobelpräis also net un den US-President Donald Trump, dee sech awer no sengen Efforten, fir de Krich am Gaza ze léisen, predestinéiert gesinn hat, fir den Nobelpräis ze kréien.

Aner Favoritte waren dëst Joer d'syresch Friddensmilitantin Abir Hadj Ibrahim an d'Wittfra vum Kreml-Kritiker Alexey Nawalny, deen an engem russesche Prisong-Camp verscheet war.
 
Fir de Präis dëst Joer goufen et 338 Nominatiounen, dorënner waren 94 Organisatiounen.
 
Zejoert goung de prestigiéise Präis un d'japanesch Friddensorganisatioun Nihon Hidankyo, déi sech géint den nuklearen Armement weltwäit asetzt. 2023 war de Präis fir d'iranesch Mënscherechtsaktivistin Narges Safie Mohammadie.

De Präis ass mat enger Millioun Euro dotéiert

Zanter et de Friddensnobelpräis vum Joer 1901 u gëtt, gëtt en um Doudesdag vum Alfred Nobel den 10. Dezember zu Oslo iwwerreecht, dat ass also op den Dag genee an 2 Méint.

Zanter 1901 goung de Präis un 142 Laureaten - dëst waren 111 Persounen an 31 Organisatiounen.
 
Domat geet d'Woch vun den Nobelpräisnominatiounen op en Enn. E Méindeg gëtt awer nach den Nobelpräis-Laureat an der Ekonomie public gemaach, ee Präis, deen et eréischt zanter 1968 gëtt.