Am Oktober 2023 hat Israel eng Rei Ziler am Süde vum Libanon bombardéiert, dorënner och e Grupp Journalisten.

Wéi den UN-Spezial-Rapporteur Morris Tidball-Binz e Freideg op enger Pressekonferenz zu Beirut erkläert huet, wier d'Attack e "geplangten, geziilten an duebelen" Ugrëff vun der israeelescher Arméi an domat "e klore Verstouss géint dat humanitäert Vëlkerrecht, e Krichsverbrieche" gewiescht.

Bei der Attack am Oktober 2023 war ee Reuters-Journalist ëm d'Liewe komm a sechs weider Reporter blesséiert ginn. Eng Fotografin vun AFP huet missen e Been amputéiert kréien. Déi israeelesch Arméi huet d'Reproche zeréckgewisen, et hätt een op d'Journaliste geziilt. Well déi insgesamt zwou Attacken an engem Ofstand vu 37 Sekonne geschitt sinn, schléissen Experten e Versinn allerdéngs aus.