Fir 14.30 Auer hat de franséische President Macron all d'Partei- a Fraktiounscheffe fir "e Moment vu gemeinsamer Responsabilitéit" an den Elysée geruff.

Bis e Freideg den Owend hat sech de President Emmanuel Macron Zäit ginn, en neie Premierminister z'ernennen, nodeems de Sébastien Lecornu viru véier Deeg iwwerraschend säi Récktrëtt annoncéiert hat. E Freidegowend war et dann d'Annonce aus dem Elysée, datt de Macron de Lecornu nees als Premier ernannt huet.

"De President vun der Republik huet de Sébastien Lecornu zum Premierminister ernannt an e beoptraagt, eng Regierung ze bilden", huet et geheescht. E Méindeg war den 39 Joer ale Lecornu no net emol engem Mount am Amt zeréckgetrueden, wat eng schwéier politesch Kris a Frankräich ausgeléist hat. Trotzdeem gouf hien duerno nach vum Emmanuel Macron domadder beoptraagt, weider mat Vertrieder vun all de Parteien iwwer Grondzich vun engem Regierungsprogramm ze verhandelen. Hie steet domadder nees virun der Aufgab, e Spuer-Budget, op dee Frankräich wéinst senger immenser Staatsverschëldung dréngend ugewisen ass, duerch d'Assemblée nationale ze bréngen, trotz staarkem Widderstand vun der Oppositioun.

Um Kuerznoriichtendéngscht X huet de Lecornu annoncéiert, datt hie sech verflicht fillt, "d'Missioun, déi him vum President vun der Republik uvertraut gouf" z'acceptéieren an alles maache wäert, fir "Frankräich bis Enn des Jores e Budget ze ginn".