Nobel-Institut geet vu Spionage bei Friddensnobelpräis aus

© AFP (Archiv)
Stonne virun der Publikatioun waren d'Wettquoten zu Gonschte vum María Corina Machado däitlech geklommen.
E Freideg war déi venezuelanesch Oppositiounspolitikerin María Corina Machado mam Friddensnobelpräis ausgezeechent ginn. Kuerz virdru waren opfälleg Wettquote bekannt ginn. Den Nobelinstitut geet vu Spionage aus.
"Et handelt sech ganz warscheinlech ëm Spionage", sou den Direkter vum Nobelinstitut, Kristian Berg Harpviken, e Samschdeg der norwegescher Tëleeschaîne TV2 géintiwwer. Virdru war bekannt ginn, datt sech kuerz virun der Publikatioun vum Friddensnobelpräis d'Wettquote fir d'Machado däitlech geännert haten.
D'Warscheinlechkeet fir eng Auszeechnung vum Machado war en Donneschdeg den Owend op der Wettplattform Polymarket bannent e puer Stonne vu knapp véier Prozent op knapp 73 Prozent geklommen. Dobäi hat am Virfeld keen Expert d'Oppositiounspolitikerin aus dem Venezuela zu de Favoritten op den Nobelpräis gezielt.
"Et ass kee Geheimnis, datt den Nobelinstitut Affer vu Spionage ass", sou den Harpviken. Dat wier "schonn zanter Joerzéngten esou", sou nach den Direkter. "Et ass kloer, datt eisen Institut fir Acteuren, déi Informatioune sichen, vun Interessi ass - wieren et Staaten oder aner Organisatiounen". D'Motiver kéinte "souwuel politesch wéi och wirtschaftlech Grënn hunn".
Den Direkter vum Nobelinstitut huet eng genee Enquête annoncéiert. "Falls néideg, wäerte mir d'Sécherheet verstäerken". Den Numm vum Nobelpräisgewënner ass all Joer nëmmen e puer Leit bekannt, ier en ëffentlech gëtt.