Rezent hat d'Chamberkommissioun den Accord ginn, fir d'Fräiheet fir ofzedreiwen an d'Verfassung ze integréieren. De Gérard Schockmel ass net d'accord.

Wa seng Fuerderungen a Fro gestallt ginn, reagéiert de Feminismus vun haut mat "déiwem Haass an Intoleranz". Dat huet den DP-Deputéierte Gérard Schockmel e Samschdeg an engem Meenungsartikel geschriwwen, deen am Lëtzebuerger Wort publizéiert gouf. 
 
Am Text kritiséiert den DP-Politiker den Debat hei am Land iwwer d'Fro, ob - wéi hie schreift - d'Ofdreiwung an d'Verfassung soll opgeholl ginn.
 
E Méindeg hat déi zoustänneg Chamberkommissioun den Accord ginn, fir d'Fräiheet fir ofzedreiwen an d'Verfassung ze integréieren. Den Text gouf mat breeder Majoritéit an der Institutiounekommissioun guttgeheescht. Just den ADR-Deputéierte Fred Keup hat géint den Amendement gestëmmt.

Den DP-Deputéierte Gérard Schockmel ass net an dëser Kommissioun. A sengem Meenungsartikel schreift hie weider, dass den Debat hei am Land vun enger "rücksichtsloser Ideologie" géing dominéiert ginn, déi déi eng Hallschent vun der Populatioun (also d'Fraen) géint déi aner Hallschent (d'Männer) géing opstëppelen. Dës Ideologie, wéi den DP-Deputéierten de Feminismus nennt, géing eis Gesellschaft polariséieren, radikaliséieren an de gesellschaftlechen Zesummenhalt a Gefor bréngen. An dësen aktiv ënnerwanderen.

Weider ass och nach vu "systematescher Diskriminéierung vum Mann", vu "gewaltsamer Promotioun" vu Fraen op héije Posten oder nach vum "Diktat vum Feminismus" rieds.

Doriwwer eraus schreift den DP-Deputéierten, dass eng stroffräi Ofdreiwung bis zu der 12. Schwangerschaftswoch - esou wéi d'Gesetz et den Ament hei am Land virgesäit - "problematesch" wier, well dem Embryo d'Recht op d'Liewe geholl gëtt. Et wier en eesäitegt Recht, woufir dës Ausnamereegelung et och net an d'Verfassung dierft kommen. Dat géing nämlech dem Recht op d'Liewe widderspriechen. D'Constitutioun sollt eis all schützen, esou nach de Gérard Schockmel a sengem Meenungsartikel. D'Verfassung dierft net fir "Symbolpolitik" mëssbraucht ginn.

Reaktioun vun DP-Parteipresidentin Carole Hartmann

Extrait Carole Hartmann

D'Parteipresidentin Carole Hartmann reagéiert géintiwwer RTL a seet kloer, datt een an der Partei verschidde Meenungen hätt an de Gérard Schockmel hei net am Numm vun der DP geschriwwen hätt. Dat dierft een an dat géif een och respektéieren. D'Aussoe wieren zwar net an der Linn mat der laangjäreger Positioun vun der demokratescher Partei a puncto Ofdreiwung an och Feminismus, an trotzdeem wier ee fräi seng Meenung ze soen. Intern an der Partei wier déi Meenung vum Gérard Schockmel och bekannt gewiescht an driwwer diskutéiert ginn. Dofir wier dat wat am Meenungsartikel steet och keen neie Moment fir d'Carole Hartmann.

Aus der DP kommen awer och méi schaarf Téin. D'Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit Yuriko Backes huet et "traureg" fonnt, fir mat esou engem Meenungsartikel an de Weekend ze starten, "an dat am Joer 2025".

Weider Reaktiounen op d'Carte Blanche vum Gérard Schockmel hunn net laang op sech waarde gelooss.

D'Co-Presidentin vun déi gréng Stéphanie Empain huet sech an enger Reaktioun op de Soziale Medien entsat gewisen.

Och den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet sech schockéiert gewisen a gemengt, datt dës Carte Blanche géing weisen, datt een nach e Stéck Wee viru sech hätt, fir an enger gläichberechtegter Gesellschaft ze liewen.