Wéi kritt ee Suen, déi privat am Ëmlaf sinn, op der Welt konkret an Naturschutz - a Klimaschutzprojeten ëmgesat?

Klima-Weltkongress Abu Dhabi / Reportage: Claudia Kollwelter

Déi Fro steet am Zentrum vum Weltkongress vun der IUCN, der gréisster Naturschutzorganisatioun, deen aktuell zu Abu Dhabi ass. Lëtzebuerg ass duerch den Ëmweltminister Serge Wilmes representéiert.

An op d'mannst déi éischt zwee Deeg vum Kongress, deen nach bis d'nächst Woch dauert, war hien och den eenzegen europäesche Minister sur place. De Serge Wilmes betount, datt Lëtzebuerg sech dofir asetzt, fir Projete mat op d'Been ze stellen, déi duerch privat an ëffentlech Gelder kënne finanzéiert ginn. Hien nennt e konkret Beispill:

"Dat ass an de Philippinnen, wou Magroven erëm geplanzt ginn. Dat hëlleft, datt déi Küst do net weider erodéiert. Dat bréngt awer och e Fësch zeréck a Kriibsaarten. Dat heescht, do ass och dann erëm eng Méiglechkeet, fir erëm nohalteg ze fëschen. Neit erëm Akommes fir d'Leit sur place. An et mécht e Beispill, fir dat och aner Leit och op dee Wee ginn an de Philippinnen."

Et géife vill Sue gebraucht ginn an et wieren der och do, ma déi missten awer do ukommen, wou se am meeschte gebraucht ginn um Terrain. E weidere Projet ass dofir eng Online-Plattform.

"Fir privat Investoren, mat all deene villen, villen Acteuren, déi et gëtt op der Welt, déi, ob dat an Afrika, Südamerika oder an Asien, déi keen Accès hunn zu Sue fir dann zum Beispill Opforstungsprojeten oder zum Beispill nohalteg Bewirtschaftung vu Bieden."

Déi Online-Plattform soll nach an e puer Wochen a Brasilien am Kader vun der COP30 lancéiert ginn. Am Kontext vun der Weltklimakonferenz betount de Serge Wilmes, datt d'Lëtzebuerger Regierung eng vun deenen eenzege wier, déi prett wier, nach méi ze investéieren.

"Mir sinn nach eng Kéier eropgaangen, nach eng Kéier an den nächste fënnef Joer 320 Milliounen Euro, dat sinn honnert Euro pro Bierger zu Lëtzebuerg, déi mer wäerten déi nächste fënnef Joer investéieren. A mat deene Sue wäerten awer vill méi Suen nach aus dem Privatsecteur ugezu ginn. Do schwätze mer herno vu Milliarden, déi och gebraucht ginn."

Lëtzebuerg géif senger Responsabilitéit domat gerecht ginn, sou nach den Ëmweltminister.