Um Samschdeg trëtt eng dräi Deeg laang Staatstrauer a Kraaft. Héichpunkt dovun ass um Punkt 12 Auer eng Gedenkminutt fir déi 84 Doudesaffer.

Et wor dat drëtt Attentat bannent 18 Méint mat engem globale Bilan vun 231 Doudegen an e puer Honnert Blesséierten.

De 14 juillet 2016 ass zu Nice ganz bluddeg op en Enn gaangen ... Während dem Freedefeier fir Nationalfeierdag war um Donneschdeg den Owend géint 22.30 Auer op der Promenade des Anglais e Camion express an d'Leit gerannt.

Virun deem Hannergrond sot de franséische President e Freideg am Nomëtten zu Nice, dass Frankräich nach net fäerdeg wär mam Terrorissem. Et wär terribel, dat ze soen, wann ee grad sou eng Tragedie erlieft hätt, sot de François Hollande viru Polizisten, déi en Donneschdeg den Owend op der Plaz vum Attentat am Asaz waren.

De franséische Premier Manuel Valls sot um Freidegowend, den Attentäter wier en Terrorist, dee sécher op déi eng oder aner Manéier Lien zum radikalen Islamismus hätt:

"C'est un terroriste sans doute lié à l'islamisme radical d'une manière ou d'une autre."

Deem widdersprécht de Papp vum Täter: Säi Bouf Mohamed Lahouaiej-Bouhlel hätt näischt mat Relioun um Hutt gehat, hien hätt par konter un Depressioune gelidden, hätt awer Problemer gehat, doriwwer ze schwätzen ...

Op France 2 sot de Premier Valls weider, datt een de Krich géint den Terrorismus gewanne géif, ma datt een nach mat onschëllegen Affer rechne misst:

"Je veux dire à mes compatriotes que nous gagnerons cette guerre, mais que nous pouvons de nouveau connaître des répliques, il y aura sans doute encore des victimes innocentes (...) Tout est fait pour lutter contre le terrorisme, mais la vérité, je la dois aux Français, c'est une guerre de longue haleine, à l'extérieur mais aussi sur notre sol."

De Premier ass och net der Meenung, datt d'Sécherheetsleit Feeler gemaach hunn. Den Ex-Premier Alain Juppé hat jo gemengt, d'Tragedie vun Nice hätt kënnen evitéiert ginn ...

AUDIO: Reaktiounen nom Attentat: De Reportage vum Nico Graf.
RTL

De franséischen Inneminister ass formell. Et wor een Terrorist, deen en Donneschdeg den Owend zu Nice op der Promenade des Anglais mat engem Camion an eng Mass vu Leit gerannt ass. D'Police hätt an enger ganz geféierlecher Situatioun een Terrorist kënnen eliminéieren, sou de Cazeneuve e Freideg de Moien zu Nice. Am Camion goufen d'Pabeiere vun engem 31 Joer alen Mann fonnt mat franséischen-tuneseschen Originen, deen zu Nice gewunnt huet. Seng Wunneng ass um Freideg de Moie vun enger Spezialunitéit gestiermt an duerchsicht ginn. Och Stonnen dono waren nach ëmmer Techniker a Forensiker vun der Police op der Plaz.

Wéi et weider heescht, loungen am Camion eng Granat, déi net funktionéiert huet, souwéi Waffenattrappen. Den Täter war net bekannt als "radikaliséiert".

Et huet sech erausgestallt, dass de Camion virun e puer Deeg am Südoste vu Frankräich an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur gelount ginn ass. Während dem Attentat hätt de Camion op d'mannst eng Kéier seng Richtung geännert, heescht et vun der Police. D'Zil vum Chauffeur wier jiddwerfalls kloer gewiescht, sou vill Affer wéi méiglech ëmzebréngen.

De Bernard Cazeneuve huet vun engem dramatesche Bilan geschwat.

AUDIO: De Bernard Cazeneuve

Dem Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel ass et um Freideg de Moie schwéier gefall, Wierder fir dësen neien Terror ze fannen, deen op engem Dag zougeschloen huet, wou Familljen "Liberté, Egalité a Fraternité" gefeiert hunn.

AUDIO: De Xavier Bettel
AUDIO: De Xavier Bettel weist sech schockéiert


Ob Lëtzebuerger ënnert den Affer sinn, dozou konnt de Premier zu dësem Ament nach näischt soen. Bis ewell huet d'Regierung nach keng deementspriechend Informatiounen, sou de Xavier Bettel an enger éischter Reaktioun vum Asien-Sommet zu Ulan Bator an der Mongolei.

AUDIO: Xavier Bettel - Keng Informatiounen iwwer Lëtzebuerger


Cellule de Crise vum Ausseministère

De Lëtzebuerger Ausseministère huet eng Hotline aberuff, fir Leit déi Froen hunn, wa si Leit kennen déi zu Nice sinn: 621 287 658

Wéi iwwerdeems den Essentiel schreift, hätt sech ee Grupp vu Leit mat Behënnerung aus Lëtzebuerg zu Nice opgehalen. Well d'Leit op eemol midd woren, wier ee mat Zäiten zeréck an d'Hotel gaangen, sou eng Educatrice géintiwwer der Zeitung. Et hätt ee vun der Terrasse vum Hotel d'Freedefeier gekuckt, wéi si op eemol d'Ambulanzen héieren hunn. De Grupp vun am Ganzen 8 Leit ass den Ament am Hotel blockéiert. Si sollten u sech um Freideg de Mëtteg mam Fliger heem kommen, bis elo hätt een awer nach keng weider Consignë krut.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn seet, hie wier schlecht drun, fir ze reagéieren.

AUDIO: Attentat Nice: Reaktioun Jean Asselborn.

Engem leschte Bilan no koumen zu Nice 84 Persounen ëm d'Liewen, dorënner 10 Kanner a Jonker. Vill Leit sollen nach a Liewensgefor schwiewen. Dernieft goufe vill Leit méi liicht oder mëttelschwéier blesséiert. Ronn 120 Leit, déi op iergendeng Manéier an d'Attack implizéiert woren, hu musse psychologesch betreit ginn.

Et wieren dës Kéier immens vill Kanner betraff gewiescht. Der franséischer Zeitung Nice-Matin no wiere 54 Kanner an der Lenval-Klinik zu Nice ageliwwert ginn. 2 wieren um Freideg de Moien un hire Blessure gestuerwen, aner schwiewen nach a Liewensgefor.

Ënnert den Affer sinn d'mannst 2 däitsch Schüler an eng Léierin aus Berlin. Se waren op enger sougenannter "Abi-Fahrt". Dernieft wieren och zwee US-Amerikaner ënnert den Affer, sou wéi eng Schwäizerin, eng Russin, eng Armenierin, een Ukrainer an een Tunesier.

Ënnert den Affer, esou de Républicain Lorrain, wier och eng Famille vun Herserange, op der anerer Säit vu Rodange.

D'Leit haten d'Freedefeier fir den Ofschloss vum franséischen Nationalfeierdag suivéiert, wéi de Camion op eemol mat héijer Vitesse opgedaucht ass. Zeie soten, dass d'Leit wéi Keelen duerch d'Lut geflu sinn, a vum Camion op enger Längt vun 2 Kilometer mat ewechgerappt an iwwerrannt goufen, Objete si ronderëm geflu an et ass eng grouss Panik ausgebrach. Et wor den absolute Chaos.

Der Zeitung Nice Matin an dem Christian Estrosi, President vun der Regioun Provence-Alpes-Côtes d'Azures, no soll de Camion d'Passanten net nëmmen iwwerrannt hunn, mä den Attentäter hätt och geschoss.

AUDIO: De Christian Estrosi

Ee Mann, deen nom Freedefeier mat Kollegen ënnerwee wor fir heem, huet op BFM TV erzielt, wéi de Camion an d'Leit gerannt ass. Am Ufank wier hien nach dovun ausgaangen, dass de Chauffeur d'Kontroll iwwert d'Gefier verluer hätt, oder dass d'Bremsen net méi géife goen. Duerno hätt sech ee schrecklecht Bild presentéiert.

AUDIO: Zeienausso

Op der Promenade des Anglais loungen no der Attack Dosende vun Doudeger, zougedeckt mat wäissen Dicher.

D'Leit waren opgeruff ginn, an hiren Haiser ze bleiwen. Och d'Präfektur vum Departement Alpes-Maritines huet d'Bierger aus Sécherheetsgrënn opgeruff, doheem ze bleiwen. Den Jazz-Festival zu Nice, deen um Freideg sollt ufänken, gouf ofgesot.

AUDIO: De Bernard Cazeneuve / Eventer ofgesot

D'Promenade des Anglais bleift bis op Weideres gespaart. Tëscht dem Fluchhafen an der Plage Beau Rivage sinn déi ëffentlech an déi privat Plagen zou.

De weltbekannte Luxushotel Negresco gouf zu engem Lazarett ëmfunktionéiert. De Centre Hospitalier Universitaire vun Nice huet de sougenannte Plan Blanc declenchéiert an et gouf eng Hotline fir d'Familljemember vun den Affer ageriicht.

De franséische President Hollande hat eng Visite zu Avignon ofgebrach a war direkt op Paräis gefuer, wou eng Krisenzell operationell ass. Hien huet an enger Televisiounsusprooch reagéiert a gesot, dass d'Attentat net kéint niéiert ginn. Et misst alles gemaach ginn, fir géint den Terrorismus ze kämpfen. De Parquet Anti-Terroriste huet d'Enquête iwwerholl.

De franséische President sot och dass den Ausnamezoustand, deen u sech den 26. Juli sollt oflafen, ëm 3 Méint verlängert gëtt. D'Attacken am Irak an a Syrien géife weider intensivéiert ginn, sou nach de franséische President. "Et ka keen eis an eiser Volontéit bremsen, fir d'Aktiounen a Syrien an am Irak ze verschäerfen", sou een determinéierte François Hollande.

AUDIO: De François Hollande ass déif betraff

Den Oppositiounschef vun de Republikaner Nicolas Sarkozy sot an enger éischter Reaktioun, dass Frankräich an engem Krich ass.

De President vun der Regioun PACA Christian Estrosi fuerdert um Freideg de Moien ee Sursaut am Land. Et wier lo keng Zäit fir Polemik, mä hie géif sech awer Froe stellen. Firwat sot de Staat beispillsweis den Etat d'Urgence wier annuléiert, fir en dann 3 Méint ze verlängeren? Dat alles wier zimlech desordonnéiert, sou de Christian Estrosi vun der Partei vun de Républicains, dee sech och freet, wéi et méiglech war, datt de Mann mat sengem Camion op d'Promenade des Anglais koum, déi u sech en Donneschdeg den Owend just fir Foussgänger reservéiert war.

Fir d'Feierlechkeete ronderëm de "14 juillet" woren d'Sécherheetsprecautioune massiv erhéicht ginn. Elleng zu Paräis woren iwwer 11.000 Polizisten am Asaz. Zanter den islamisteschen Attentater vum 13. November gëllt zu Frankräich den Ausnamezoustand.

REAKTIOUNEN: Solidaritéit iwwerall

D'Attentat zu Nice huet weltwäit fir Reaktioune gesuergt. Den amerikanesche President Obama huet d'Dot schaarf veruerteelt. Hien huet Frankräich d'Solidaritéit an d'Partnerschaft vun den USA an Hëllef bei der Opklärung vun der Attack zougeséchert.

Den UN-Sécherheetsrot huet vun engem barbareschen a feigen Terrorakt geschwat.

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet d'Attentat och schaarf veruerteelt. Hien huet vun engem Terrorakt geschwat. An der Lutte géint den Terrorismus an a baussent der EU kéint Frankräich mat EU-Kommissioun rechnen.
Déi international Communautéit géif vereent géint Haass a Gewalt stoen.

Och Russland huet sech solidaresch mam franséische Vollek gewisen.

Den EU-Conseilspresident Donald Tusk huet vun engem trauregen Dag fir Frankräich a fir Europa geschwat. Et wier eng Attack op d'Mënschen a Frankräich, déi d'Fräiheet, d'Egalitéit an d'Fraternitéit gefeiert hunn, sot hie fir den Optakt vum Asien-Europa-Sommet an der Mongolei.

De japanesche Premier Shinzo Abe huet vun engem feigen Terrorakt géint Onschëlleger geschwat, deen net ze verzéie wier.

Mat enger Gedenkminutt fir d'Affer vun Nice huet um Freideg de Moien den Europa- Asien Sommet an der Mongolei ugefaang, wou Lëtzebuerg vum Premier Xavier Bettel vertruede gëtt. D'Terrorofwier war souwisou ee Sujet, deen um Ordre du Jour stoung, ma deen dierft elo no Nice däitlech méi wichteg ginn.

Den Conseil vun de Muslimen a Frankräich huet d'Attack schaarf veruerteelt. Eng "infekt Dot", déi Frankräich op deem Dag trëfft, op deem et "Liberté, Egalité a Fraternité" feiert, sou d'Organisatioun an hirem Message.

D'Attentat vun Nice huet och seng Repercussiounen op de Wahlkampf an den USA. De republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump huet annoncéiert, dass hien net wéi geplangt um Freideg de Kandidat fir de Poste vum Vizepresident annoncéiert. Hie wéilt wéinst dem schrecklechen Attentat zu Nice op déi geplangte Pressekonferenz verzichten, sou den Trump op Twitter.

Facebook hat kuerz no deem grujelegen Incident säin "Safety Check" aktivéiert. Zu Nice bidde verschidden Awunner un, fir Leit bei sech doheem opzehuelen, déi net heem kënne goen. Op Twitter gouf den Hashtag "PortesOuvertesNice" lancéiert. Via déi sozial Netzwierker siche verschidde Persoune mat Fotoen a Messagen um Freideg de Moien awer och no Familljememberen a Frënn, vun deene si zanter dem Freedefeier keng Nouvellen hunn.

Wéinst enger méiglecher Bommen-Menace gouf kuerz viru 14 Auer dann och den Fluchhafe vun Nice evakuéiert a gespaart. Am Check-Inn wier eng Wallis ouni Proprietaire fonnt ginn. Eng Véirelstonn drop konnten d'Leit awer nees zeréck an d'Gebai.

Déi franséisch Police huet an der Mëttesstonn ee Verdächtege bei enger Razzia verhaft. De Mann soll am Zesummenhang mat der Dot en Donneschdeg den Owend stoen.
Fändelen op Hallefmast

D'Lëtzebuerger Regierung huet decidéiert, d'Fändelen op allen ëffentleche Gebaier vun e Freideg 12 Auer u fir 3 Deeg op Hallefmast ze hänken, dëst fir Solidaritéit mat den Affer ze weisen.  D'Regierung invitéiert d'Gemengen dat selwecht ze maachen.

RTL

© Domingos Oliveira / RTL

RTL

© Domingos Oliveira

Virum franséische Konsulat an der Stad hunn och schonn éischt Leit Blummen néiergeluecht.

De Chamberpresident Mars Di Bartolomeo dann huet e Bäileedsmessage u säi franséischen Homolog Claude Bartolone geschéckt an de Grand-Duc Henri een un de franséische President François Hollande.

VIDEO: Enquête leeft op Héichtouren!
D'Attentat vu Nice ass nach net revendiquéiert.Beim Attentäter gouf och keen Hiweis op eng Radikaliséierung font.
VIDEO: Et fënnt ee kéng Wieder méi fir déi Barbarei ze beschreiwen.
De Lëtzebuerger Ausseminister reagéiert op d'Attentat vun Nice. Jean Asselborn rifft d'Musulmanen op, op d'Strooss ze goen, sech kloer ze distanzéieren.
VIDEO: Terror zu Nice: Wéi reagéieren d'Touristen?
Bei villen Touristen déi op Nice an d'Vakanz ginn, war déi gutt Stëmmung fort.
VIDEO: Lëtzebuerger Touristen zu Nice
Zu Nice, op der südfranseischer Côte, waren och Lëtzebuerger Touristen.