Ministère préift Installatioun vu Streckeradar

© RTL Archivbild
Nom Accident mat fënnef Doudesaffer op der N15 envisagéiert de Ministère Konsequenzen op där Streck.
Et soll gepréift ginn, ob tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul e Streckeradar kann installéiert ginn. Dat huet d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes eis confirméiert.
Op där Streck géing séier gefuer ginn a si géing sech an der Obligatioun gesinn, fir sech déi dote Plaz genee unzekucken. Prinzipiell wier si kee Frënd vun enger Proliferatioun vu Radaren am ganze Land, mä an deem heite Fall géing si dat awer positiv gesinn.
Vu wou bis wou den Tronçon genee kéint verlafen a wéini dës Mesure kéint realiséiert ginn, dat misst nach gekuckt ginn, sou déi liberal Ministesch. Si wëll elo nach op d'Avise vun den Experte waarden.
Virun annerhallwer Woch war et op der N15 eng Frontalkollisioun ginn.
Béid Gefierer haten direkt Feier gefaangen a 5 Leit sinn ëm d'Liewe komm.