Dräi vun de fënnef Riichter vum ieweschte Geriichtshaff a Brasilien sinn der Meenung, datt den Ex-President un engem versichte Coup d'État bedeelegt war.

D'Majoritéit vun de Riichter hu fir eng Verurteelung vum fréiere brasilianesche President gestëmmt, wéinst der Memberschaft an enger arméierter krimineller Organisatioun.

Weider gouf dem Jair Bolsonaro jo och virgeworf, datt hien no senger Walnéierlag bei de leschte Presidentiellen un engem Coup d'État bedeelegt war, fir de gewielten an aktuelle President Luiz Inacio Lula da Silva ëmzebréngen, fir esou un der Muecht ze bleiwen.

Dat schlussendlecht Urteel an d'Strofmooss ass awer nach net festgeluecht ginn. Dem Gesetz no wier et méiglech, datt de 70 Joer ale Jair Bolsonaro fir bis zu 43 Joer an de Prisong misst. Zanter Ufank August steet den Ex-President jo ënner Hausarrest, well d'Gefor besteet, datt hien d'Land verléisst.

No der Decisioun vun den dräi vu fënnef Riichter, datt de Bolsonaro schëlleg ass, wäert hien als éischten Ex-President, dee wéinst dem Ugrëff op d'Demokratie verurteelt gouf, an d'Geschicht vu Brasilien agoen.

Bis ewell hu véier vun de fënnef Riichter hiert d'Urteel ofginn, dräi vun hinnen hu fir eng Verurteelung gestëmmt. D'Decisioun vum fënnefte Riichter vum ieweschte Geriichtshaff steet nach aus. Well awer schonn ee vun de Riichter fir e Fräisproch gestëmmt huet, bleift dem Bolsonaro d'Dier op, fir géint d'Decisioun an Appell ze goen. Dat géif da virun engem Plenum vun 11 Riichter verhandelt ginn. Doduerch kéint eng Decisioun awer eréischt kuerz virun de Presidentiellen 2026 falen.

Den Luiz Flux, dee sech géint e Scholdsproch ausgeschwat huet, huet säi Urteel domadder begrënnt, datt den ieweschte Geriichtshaff net zoustänneg fir de Fall wier. Well de Jair Bolsonaro net méi am Amt ass, misst dat viru méi niddrege Geriichter verhandelt ginn.