No der Violatioun vum polnesche Loftraum duerch russesch Dronen wier et wichteg, dass een an der NATO zesummenhält, sou d'Verdeedegungsministesch.

Russesch Dronen am polnesche Loftraum, dat wier absolut ze verurteelen. Et géing ee gesinn, datt de russesche President Wladimir Putin absolut näischt fir e Fridde géing maachen a weider géing provozéieren. Dat sot d'Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes am RTL-Interview:
 
"Dat ass absolut condamnabel. Hei ass de polnesche Loftraum violéiert ginn an domadder och den NATO-Loftraum, dat ass absolut inakzeptabel. Ech begréisse wierklech d'Rapiditéit, mat där Polen reagéiert huet, zesumme mat den Alliéierten. déi Däitsch, d'Hollänner, mä och d'Italiener hunn d'Polen ënnerstëtzt, déi séier reagéiert hunn."

D'Yuriko Backes iwwert d'Andrénge vu russeschen Dronen an de polnesche Loftaum

Wichteg wier, datt een an der NATO zesummenhält, sech net provozéiere léisst an, wann néideg, ferme reagéiert, sou d'Yuriko Backes. Op alle Fall wier et néideg, weider an d'Verdeedegung ze investéieren, well et géing ee gesinn, datt d'Menace net wäit wier.